Néi Autosstéieren ab 2007.

  • Normalerwies misst et dier goen, wann's du am Fréijoer einfach op Banque gees an dann d'Suen op CCPL foun der Douane iwwerweis. Anscheinend muss een awer fier Stéiersuen zeréck ze kréihen een een Zertificat foun dengem Assurancen Fuzzi matschécken, deen beseet dass du den Auto oofgemellt hues.

  • Zitat

    Original von N9500
    Normalerwies misst et dier goen, wann's du am Fréijoer einfach op Banque gees an dann d'Suen op CCPL foun der Douane iwwerweis. Anscheinend muss een awer fier Stéiersuen zeréck ze kréihen een een Zertificat foun dengem Assurancen Fuzzi matschécken, deen beseet dass du den Auto oofgemellt hues.


    Daat stemmt net. Wann d'vignette bis den Dezember z.b. gülteg ass, an du däin auto awer schon am september oofmells, dann kanns du d'vignette ouni probleem an ouni irgendeen certificat op d'accisen schécken. Dei gin dir dei rescht suen zeréck. Ech mengen dei gin dir bis 2 Wochen virun schluss déng suen erem, kann awer och sin dass daat een mound ass. Do sin ech mer net secher.


    Du muss just déng kontosnummer ugin fir d'suen eremzekreien. Bei der nächster keier wannst de d'vignette bestellst, steet d'kontosnummer direkt op der vignette drop ( op der Récksäit ;) )


    Mir mussen wierklech eng keier een Workshop maachen :lol:

  • Maja dann ass et jo nach méih einfach, dann maachen maer daat foun elo un allerguer esou, dann hunn bei bei ADA och eppes ze schaffen, an brauchen dofier méih Lait, an dann geet dem Junker seng Rechnung awer erem net op :lol: :lol: :lol: :lol: :lol: :lol: :lol: :lol:, well 322.5EUR sinn fier een EURO3-4 Auto deen een Verbrauch foun 10l huet einfach zefill, et ass jo 4x esou fill wéi bis elo. An den ganzen Blabla foun am Ausland ass se och esou déier ass alles Kabes.

  • Salut, ech maan daat och sou.


    Schecken am Hierscht meng vignette an an kreien dann meng Suen rem.
    An am Fréijoer ruffen ech bei Douane un an soen ech braicht eng vignette fir deen Auto mat der Plaque vun deem Datum un, an dann kreien ech een Ziedel gescheckt, iwwerweisen dann Suen an kreien dann no enger Woch meng Vignette.


    Et ass eben just bessen mei hin an hier, mee et geet. 8)

  • Daat hun ech mech och schon gefroot. Reng Théoretech misst daat goen. Daat muss och goen well sie kennen jo net den 1 Januar soen, dass een dann deen Rescht muss nobezuelen. Daat kann ech mir net viirstellen.

  • Mmmm ech denken awer net dass een do nobezillt. Ech mengen du hues jo dann deng Vignette am Joer 2006 bezuelt an et ass jo an deem senn net deng schold dass d'joer drop d'steiren mei deier gin...


    Ech mengen daat wier esou wei wanns du haut tanken gees an muar get den benzin mei deier an dann muss du dann nobezuelen. Ech mengen du hues eppes fier ee bestemmte Prais kaaf an faerdeg. Ech mengen wann se elo do hin gin an se froen dann d'leit nozebezuelen dann fannen ech wierklech dass eis Politik hei am land ellen erofkomm ass.
    An dann wei schon am Ufank gesoot....dann sollen se emol bei eis leif frontalieren goen an dei emol fier hier schruppkaaren eng steier froen well dei verschmotzen matt hierem uraalen fiat uno mei wei mier matt 10 S'en zesummen.


    Abundzu denken ech emol dass mier Letzebuerger eis emol e bessen mei missten wieren well soss gin mier nach enner. :cry:

  • An awer geet ët ons nach gudd par Rapport zu eisen Nopechlänner, kuck jhust wéivill en Belsch muss un Taxen berappen, fir en Auto unzemellen. Ech wees, firun 5 Joër huët ët 2500€ kascht, fir doiwwer en Impreza unzemellen.

  • jo am moment geet et eis nach gudd....mee ech froen mech wei laang daat nach unhaelt.


    Weeste ech soen emol esou....d'problem ass net onbedengt dass mier elo mei steieren musse bezuelen, ech mengen et ass wei et schon uewen gesoot gouf et ass vielleicht och gudd esou an mier kennen vielleicht och dei mei "knaschtech" Autoen aus dem Verkeier zeihen, mee dann hun mier awer nach emmer d'problem dass vill leit matt wierklech schrottkeschten hei hinner kommen an dann awer eis liewensqualiteiet versauen.......am gros maachen mier eng sait eppes dass et besser soll gin an dei aaner Sait loosen mer alles duerchgoen. :?


    Mee bon ech denken dass een elo nach hei 1000 posten keint schreiwen iwert dest Thema mee ech denken dass mer am gros all der selweschter Menung sin....oder ieren ech mech do?

  • Wann jiddereen deen durch Lëtzebuerg fiirt sou eng Stéier misst bezuelen wier den Prinzip vum polueur-payant respektéiert.


    Frontalier'en, Durchgangsverkéier an Tankturisten droen och zem CO2 béi, must net finaziell. Kloer verdingen mir iwwert d'Accisen vill Geld, kloer as awer och dass d'Ofgaasen ons an d'Emwelt krank maachen.


    Keng Ahnung wéi een dat kéint regelen.

  • Zitat

    Original von netghost



    Mee bon ech denken dass een elo nach hei 1000 posten keint schreiwen iwert dest Thema mee ech denken dass mer am gros all der selweschter Menung sin....oder ieren ech mech do?


    Absolut!, ech hun absolut keen Problem méi Steieren ze bezuëlen, wann d'Suën effektif och fir d'Ëmwelt benotzt gin!
    Wier ët nët méi einfach, d'Bensinspräisser an Europa gläich zemaachen, d'Steieren zeloossen, deene Leit déi an Lëtzebuerg wunnen irgendeng Vergënschtegung ze gin, dann sin mir um selweschten Punkt an den Tanktourismus héiert op, an d'Accisen klappen awer! Jhust sou eng Idee, nët op mëch schéissen!!! :roll:

  • Ech fannen dei ganz Saach einfach net gerecht. Et soll deen bestrooft gin deen vill knaschteg mech. Fir dei "Idee" soen ech BRAVO. Mee wei daat an d'praxis gemeet gett ass net ganz korrekt.


    1. Frontalieren kommen jo guer net an fro, bei den Accises. Firwaat daat dann?? Sie bezuelen hier steieren ( schon deier genuch, daat stemmt ), mee sie verschmotzen ons loft.


    2. Dei Autoen virun 2001 gin net esou deier taxeiert wei dei aaner. Firwaat?? Sin dei mei propper?? Bestemmt net!!! Et ass ok, dass dei Leit dei een mei aalen Auto hun, sech och ganz einfach keen neien leeschten kennen ( oder wellen ). Mee daat wier jo dann awer och eng motivatioun fir dei Leit, een mei neien ze kaafen, well deen Aalen einfach ze deier gett.
    Sou geifen dei aal Autoen lues an lues vum verkeier verschwannen.


    3. Ech fueren keng 20.000 km d'joer mat mengem S. Firwaat soll ech dann esou vill wei een bezuelen deen der 100.000 d'joer mecht?? Hien verschmotzt jo dann théoretesch och 5 mol mei wei ech!!!!
    Daat misst kilometerofhängech sin.


    An daat kann een nemmen zu sandweiler kontrolleieren. Sie sollen d'Gesetz esou änneren, dass all auto ALL joer op Sandweiler muss goen. An eben DANN d'accises bezillt, ofhängeg vun der km-leeschtung vun daat joer virdrun. DAAT WIER GERECHT.


    Daat bréngt doud secher mei Aarbescht fir dei Leit ( manner chômage ), mee dann wier dei ganz Geschicht vill mei korrekt.


    Lo hun se awer mol agesinn, dass een auto mat Partikelfilter manner pollueiert. Dann bezillt deen alt mol manner. Daat ass mol eppes guddes fir dei Franseich Autoen ;) :D



    Souvill zu deem Thema :!: