Wann's de keng CT um Auto hues, dann däerfs de eben och net fueren. Mee wann den Auto zum Beispill am Februar op Samdweiler muss an du en réicht fir den 1. Mee oder sou umells, dann kanns d'et och sou maachen daat's de réicht den 1. Mee an den CT fiers, resp. den 2., den 1. Mee get jo net geschafft
Ansonsten wéi den tscjoki soot, einfach dann am Hierscht an den CT fueren, also firum Ooflaafdatum, dann gelt CT normalerweis ab deem Datum 1 Joer.
Déi Saach matt der Assurance fir 1/2 Joer looss daat sin. Am beschten mells de déi aktuell Assurance vum 206 em op den 206CC an du mells am Hierscht/Wanter d'Assurance vun Integra op den 206. Sou hues de nach emmer 2 Assurancen an du profitéiers vum Bonus/Malus. Desweideren muss eng Police op mannst 9 Méint am Joer laafen fir vum Bonus/Malus kennen ze profitéieren. Wann's du also eng eenzel Police fir den Integra opmechst an déi leeft just 6 Méint/Joer dann kenns de nie mam Bonus/Malus roof.
ciao, Petar