Ech fannen dei ganz Saach einfach net gerecht. Et soll deen bestrooft gin deen vill knaschteg mech. Fir dei "Idee" soen ech BRAVO. Mee wei daat an d'praxis gemeet gett ass net ganz korrekt.
1. Frontalieren kommen jo guer net an fro, bei den Accises. Firwaat daat dann?? Sie bezuelen hier steieren ( schon deier genuch, daat stemmt ), mee sie verschmotzen ons loft.
2. Dei Autoen virun 2001 gin net esou deier taxeiert wei dei aaner. Firwaat?? Sin dei mei propper?? Bestemmt net!!! Et ass ok, dass dei Leit dei een mei aalen Auto hun, sech och ganz einfach keen neien leeschten kennen ( oder wellen ). Mee daat wier jo dann awer och eng motivatioun fir dei Leit, een mei neien ze kaafen, well deen Aalen einfach ze deier gett.
Sou geifen dei aal Autoen lues an lues vum verkeier verschwannen.
3. Ech fueren keng 20.000 km d'joer mat mengem S. Firwaat soll ech dann esou vill wei een bezuelen deen der 100.000 d'joer mecht?? Hien verschmotzt jo dann théoretesch och 5 mol mei wei ech!!!!
Daat misst kilometerofhängech sin.
An daat kann een nemmen zu sandweiler kontrolleieren. Sie sollen d'Gesetz esou änneren, dass all auto ALL joer op Sandweiler muss goen. An eben DANN d'accises bezillt, ofhängeg vun der km-leeschtung vun daat joer virdrun. DAAT WIER GERECHT.
Daat bréngt doud secher mei Aarbescht fir dei Leit ( manner chômage ), mee dann wier dei ganz Geschicht vill mei korrekt.
Lo hun se awer mol agesinn, dass een auto mat Partikelfilter manner pollueiert. Dann bezillt deen alt mol manner. Daat ass mol eppes guddes fir dei Franseich Autoen

Souvill zu deem Thema 