• Bjuer,

    Fir deen aaneren Thread net zouzespamen, hun ech mol een neien gestart :D

    An zwar geif ech gaeren wessen, wou ech mäin S keint poleieren loossen? Ech hun schon e bessen gekuckt, mee einfach ass et net een ze fannen deen daat seriö mescht, an net onbedengt buschten vum A.... kaschten :evil: ( natiirlech muss en auto och bannen an baussen blitzeblank propper gemeet gin... )

    Ech maachen et duerno och gären selwer, mee dei eischten keier well ech et vun engem "Profi" maachen lossen.

    Hoffen dir kennt mer hellefen :o

    Merci

  • Sou wäit wollt ech och erem net rennen. Dikrecher geigend wier ideal, fir dech jo och ;)

    Een deen mat mir schafft, soot den Emond ( garage zu Arlon -> BMW, Porsch und Co ) daat fier em dei 130 euro mescht. Mee bon, fir bis dohin ze fueren... den Auto muss jo schliesslech een daag do bleiwen.

    Ech kennen een deen daat Privat fir 150 euro mescht an der Geigend wou ech schaffen ( am Dall ). Muss den Auto den ganzen Week-end do loossen.

    Muss mol muer weidersichen am internet oder an den gielen Säiten :D

  • Seng HP gesait net schlecht aus, huet schonn een do eng komplett intensiv Wiederaufbereitung do maachen geloos. ech sichen eigendlech een deen daat wierklech detailléiert an professionell mecht, wou dann och all die kleng Platzen am Lack (Mëcken, oder Steeschlag) verschwannen, an den Auto duerno méi schéin ass wéih néi.

    Fier den normalen "Hausgebrauch" huelen ech NXT foun hei am Forum esou fill geschwaat get. Deen Produit ass wierklech super.

  • Den vollen Programm op der HP héiert sëch gudd un, mais ech mengen dann gët ët awer e "bësschen"(vill) méi deier ewéi 50€ vun der Zäit mol ofgesin!

  • Ech hun do geschter ugeruff. Ganz sympatheschen mann. Hien huet mer awer keen Präiss gesoot. Ech muss eng keier laanscht kommen mam Auto, an dann seet hien mer reischt waat muss/kann gemeet gin. Et kritt een een devis, an duerno kann een jo kucken op een et mecht oder net.

    Mee ech gleewen och kaum dass daat fir 50 euro iwwert d'bühn geet.

    Hun an den gielen Säiten gekuckt, mee do fennt een leider och net vill. Dei meescht sin souwiesou am Minette oder an der Staat.

    Ech sichen weider...

  • Geseit jo wirklech professionell aus, an mat Swissol kann een och näischt falsch machen.

    Op der Kalchesbreck get et och nach een Betrieb, hun zwar do ganz aner Präisser an Erennerung.

  • Zitat

    Original von Pipo_2000
    Jo, awer just fir den vidange ze maachen. Daat ass een MUST virun all saison ( fir mech ). An 2-3 saachen sin bäi komm 8)

    An wou hues Du ët dann elo maachen gelooss? Quanta Costa?

  • Ech gin fiir alles waat Mécanique ass bei den MEBA an alles waat Fuërwierk ass beiden Georges an daat huët bis elo alles sou geklappt. Fir den Blech an d'Faarw gin ech ëmmer op Mertzeg bei den Maillet!

    Vill Spaass matt dengen Klengegkeeten ;)

  • shed

    Huet daat een bestemmten Grond wiesou daat's de fir d'Fuerwierk bei den Georges fiers ?

    Ech wollt bei der nächster Revisioun meng ganz Fuerwierksgeometrie checken loossen well ech lescht Joer empfond hun daat den S zevill ennersteiert. Geometrie astellen ass beim S anscheinend net easy, an ech wees net ob ech daat an menger Garage soll maachen loossen. Fir lo keen Numm ze nennen, ech sin an der Staad an der grousser Multikultigarage ;) wou ech awer och bleiwen well se mech do kennen an ech awer zimlech zefridden sin. Just beim Fuerwierk sin ech zimlech kriddleg well ech ganz vill wäert drop leen daat den Auto duerno roueg an secher läit.

  • Greeny
    Nee huët un sëch deen Grond, dass hien daat richtegt Geschirr dofir huët an daat huët den Meba nët. Zu Stroossen, soll en Pneuenhändler sin, deen en extraen Mossaparat huët fir en Fuërwierk genau anzestellen, Schummer oder Schumacher, irgendeppes sou.
    Hun mäint zu Miersch fir 49€ komplett angestallt krutt an woër zefridden bis elo, mais meng Erwaardungen sin vläicht nët sou héich wéi Déng :?:
    Shed