Saisonall fueren

  • Gëschter hunn ech menger Fra en Peugeot 206CC kaaft am knallgring.

    Viraussetztung war dass ech säin aalen 206 am Wanter fueren an den Integra nëmmen nach am Summer (dat deet deem bestemmt net schlecht).

    Wéi geet dat mat Sandweiler. Assurance as jo kee Problem, kann een jo un an ofmellen.

    Ech wollte en dat ganzt Joer ugemellt lossen (Stéieren) mee just d'Assurance ofmëllen.

  • Jo, Sandweiler ass genau de Problem.Leider muss de do dann och hin vu dass en steierlech ugemellt ass.
    Ech wärt mam S och iergendwann an de Problem kommen duerch déi sch... 3.5 Joer Regelung.
    Wieren et 3 Joer oder 4 Joer wier daat kee Problem,mee esou kommen iergendwann zu deem Moment wou ech mam S dann am Wanter op Sandweiler misst.
    Daat eenzegt waas de kanns machen,ass dass de einafch éichter dohinner fierts,fier dann déi Joeren drop gudd ze leien mam Timing.

  • Den Integra muss am August op Sandweiler also an der Zäit wou ech domadder fueren. Ech lossen en ugemellt (SNCT an Douanes) mee just d'Assurance get ageschéckt.

    Am Abrëll oder sou froen ech mir eng néi Assurance un fir en halleft Joer.

    Wéi et elo mam Peugeot elo as muss ech kucken. Mir kennen een den do schafft.

  • Wann's de keng CT um Auto hues, dann däerfs de eben och net fueren. Mee wann den Auto zum Beispill am Februar op Samdweiler muss an du en réicht fir den 1. Mee oder sou umells, dann kanns d'et och sou maachen daat's de réicht den 1. Mee an den CT fiers, resp. den 2., den 1. Mee get jo net geschafft :) Ansonsten wéi den tscjoki soot, einfach dann am Hierscht an den CT fueren, also firum Ooflaafdatum, dann gelt CT normalerweis ab deem Datum 1 Joer.

    Déi Saach matt der Assurance fir 1/2 Joer looss daat sin. Am beschten mells de déi aktuell Assurance vum 206 em op den 206CC an du mells am Hierscht/Wanter d'Assurance vun Integra op den 206. Sou hues de nach emmer 2 Assurancen an du profitéiers vum Bonus/Malus. Desweideren muss eng Police op mannst 9 Méint am Joer laafen fir vum Bonus/Malus kennen ze profitéieren. Wann's du also eng eenzel Police fir den Integra opmechst an déi leeft just 6 Méint/Joer dann kenns de nie mam Bonus/Malus roof.

    ciao, Petar

  • Ech haat gemengt wanns de op sandweiler gees, muss op der Assurance den selwechten numm stoen wei den propriétaire vum auto??

    Ech maachen et och esou: am summer meng gudd police fir den S an am wanter eben eriwwer op den 206. Während den summer kritt den 206 eben eng mei schlecht police, mee daat fällt net vill an d'gewiicht.

    Integra:

    ech geif steieren vum integra am wanter awer och oofmellen, du kriss dei suen jo erem wann nach zäit iwwreg bleiwt. et sierf, du bezills fir 6 meind an fiers och nemmen 6 meind. muss jo awer net emmer opgoen.

  • @Pipo,

    deen, deen d'assurance mëcht, muss och den propriétaire vum Auto sinn. Sos géif jo all Topat d'Assurance op d'Mamm huelen.

    Dass sech den Bonus/Malus net ännert wann den Auto keng 9 Méint ugemellt as, as mir néi.

    Muss mol mam Agent schwätzten.

    Et as geplant:

    Den 206CC dat ganzt Joer ugemellt an leeft op meng Fra.
    Den 206 leeft nëmmen am Wanter an och ugemellt op meng Fra.
    Den Integra leeft nëmmen am Summer an as op mech ugemellt.

  • Zitat

    Original von Integra
    Also Assurances as modern an legal Wegelagerei.

    Vileichts kannst du mir dat mol eng Kéier am Snack Daniela erklären. Mat fettege Gréiss :lol:

    Jo, kann een maachen, vläit geet et mir muer. Um wéivill Auer gees du schon méi emmer dohinner iessen ?

  • Daat mam Bonus Malus stömmt leider, well ech sinn mat mengem S op Casco an Assurance op 50% resp. 55% an ech haat d'lescht Joer leider een klengen Fierfall (Schréibs) deen op Casco gaangen ass, an dofier geet meng Casco elo awer an't Luucht obwuehl ech eigendlech nach x Graden zegudd gehaat haet. (Et get jo esou eng Regelung déih beseet, dass een wann een schonn max Bonus ass, een no x Joer awer een Fierfall kann kréihen ouni dass een am Bonus zeréck gestuft get. Mee well ech, d'Assurance, seit ech den S hunn, am Wanter stoppen, konnt ech eben net foun daer Regelung profitéieren :( .

    Ah jo, iwwregens et "kann" jiddereen mat senger Mamm senger Assurance ronderem fueren, eder baal, well deng Mamm kann daer hier Assurancen Police iwwerschreiwen, sie muss just ennerschreiwen, dass sie se nie zeréck freed. Daat ass bei maer esou gaaangen :], well meng Mamm 2 Policen laafen, eng op hierem Auto an eng op hieren 50ccm, an beid Policen waren op 55%, an esou kruucht ech eng iwwerschriwwen, dohier och main genialen Bonus/Malus :]

  • Bei mir war et och esou. Ech kruut och d'police vun menger mam. Daat war eng gudd saach :)

    D'assurancen maachen just net grouss Werbung dofir, waat een jo verstoen kann.

    N9500

    Wann ech richteg verstaanen hun, hues du dei "belleg" police nemmen fir den S?? Firwaat mells du däin wanterauto dann net och op där police?? Ech maachen daat emmer esou, an dann leeft dei police non stop an ech profiteieren vum Bonus/Malus.

  • Also wann ech fir de Fall ech géing den Integra nëmmen 6 Méint ugemellt lossen (also d'Assurance) an ech kéint dann nëmmen am Fall vun engem Virfall nëmmen steigen, dann verkaafen ech en.

    Ech kann d'Assurance net vun menger Mamm kréien well déi keng méi huet. Mäi Papp huet och keng méi well hien aus Gesondheetsgrënn keen Führerschéin méi huet zënter leschtem Joer.

  • :idea:Eng Policenummer ass minimum 10 Joër gültegoch wann se ofgemellt ass, sou dass Du vum Bonus/Malus vun Dengem Papp ëmmer nach kanns profitéieren-GARANTEIERT :thumbup:

    Einmal editiert, zuletzt von shed (8. Mai 2006 um 14:53)

  • Krop der en aalen Kontrakt vun Dengem Papp matt der Policenummer an so zu Dengem Agent en soll Dir eng Assurance dorbber maachen, oder ruff him einfach un an so hien soll schaffen fir säin Geld an Dir daat an d'Rei maachen! Daat geet 100%.
    [SIZE=7]P.S: Ech iessen gaëren italienisch![/SIZE]