Roude Léiw huel se!

  • Muer spillen :? ons Jongen jo am Kader vun der EM Qualifikatioun géint Holland.


    Ech hoffen dass jiddereen de Fändel raushänkt wann een en huet, sech bei de Fernseh mat enger gudder Lëtzerbuerger Mettwuursch an engem gudde Béier sëtzt an d'Daumen dréckt.
    Fir de Fall wou mer gewannen därf een och eng Kéier ganz dézent op d'Tut drécken (och op d'Tuten vun der Fra).


    Dësst soll ons Revanche sinn fir déi verstoppten Autobunnen am Summer durch awerdausenden vun Rulloten déi souguer probéieren d'Camion'en ze iwwerhuelen.
    Als Revanche well se am Summer mat 3 Autoen an 7 Caddy'en an den Cactus fueren fir eng Cola an 26 Schalimo'en ze kaafen.


    Als Revanche well se d'Kräizung blockéieren well se sech net entscheeden kënnen ob se no riets an den Aldi oder no lénks an de Schlecker solle fueren.


    Als Revanche well se net wéit genuch an d'Mier gebaut hunn sou dass dat verdrängten Wasser d'Belsch iwwerschwëmmt hätt.


    :D

  • Während der WM an Däitschland, huet een all daag an der Zeitung gelies dass d'Fändelen géifen nerven. An elo sollen mer se nees eraushänken :?: :P


    Ech kucken den Match op der Telé, an zwar mat engem gudden Kaassoufflé an mat enger Heineken :lol:


    Wier den Match och gären selwer kucken gaang, mee dei froen jo onheemlech vill fir e bessen eng anstänneg Plaatz.


    Ech war se op Metz kucken, an do kruut ech en TOP Plaatz fir 15-20 euro.


    Wenschen den Jongen awer natiirlech bonne chance, well ech der e puer kennen an et mech geif freen wann dei eng keier een Erfolleg hätten géint esou eng Equippe 8)