Auto-HiFi zu Letzebuerg

  • Wollt mol nofroen ob een vun hei an Sachen HiFi eppes an sengem Auto geännert huet?
    Ech mist an noer Zukunft wuel och en bessen nohellefen.
    Bei wien kann en do goen? Kennen en Buttek eppes virun der Belle Etoile (mengen nom Pizza Hut) hun awer deren Numm vergiess an am Telefonsbuch fannen ech och näischt, gin et dei nach?

  • Salut,


    Ech haat bei mir am Mini vrun puer Joer bessi emgebaut. Ech haat mech duerch Zeitungen duerchgelies fir räuszefannen waat mir zouseet an duerno sin ech ob d'Sich no den Saachen gaang wou ech se am bellegsten géing kréien.


    Deen op der Aareler Strooß ass den Car Accoustic. Den Service resp. Berodung ass ganz gudd. Deen ass op der rietser Säit wann een vun der Belle Etoile richtung Staad fiert. Ansonsten gin et déi standard Geschäfter wéi Geodert an Electro Auto. Zu Scheffleng ass mengen ech och sou een Tuning Shop, wees awer lo net wéi en heescht.


    Petar

  • Car Accoustic, genau deen hun ech gemengt.
    Do stungen mol emmer sou Sachen wei Aston Martin an Ferrari rem,
    dann wärten se jo wuel keen Schrott verbauen.
    Mee all ze wichteg bzw. unsprochsvoll sin ech an sachen Hifi net, haptsach en propperen Klang.

  • Propperen Klang stoung och bei mir op der Plaatz 1. Deemols gouf ech bei Car Accoustic zimlech gudd beroden an äus dem Gespréich matt hinnen huet sech och direkt räusgestallt daat sie net um Bass- an Watt-Trip sin mee hieren But ass et och eng gudd klengend Anlaach zesummenstellen nom Motto Leeschtung ass net gläich Klang.


    Hier Präiser hun ech deemols och ok font, wees awer lo net waat et kascht wann sie dir eppes abauen.

  • Zitat

    Original von Pipo 2000
    Ech war awer och eierlech gesoot e bessen erfeiert wou sie mer den Präiss gesoot hun....


    Hängt awer och dovuner oof, waat's de mess. ech wollt een ganzen "Package".


    Kanns awer roueg froen goen. D'beroodung ass 1A.


    Bon ech mengen wanns de Alpine verbaus, as dat eppes aneschtes wei JVC.


    Bei mir wären et eigentlech just d'Lautsprecher an den Dieren, en Sub kent net onbedengt dran.