Schrotthändler ze Lëtzebuerg

  • Jo, genau, mir hun eisen 14 Méint aalen 307 och d'läscht Woch géint en fonkelneien Civic getosch, endlech keng Probleemer méi an och nach Spass beim Fuëren!

  • @9500,

    proposéier dat mol menger Fra, dann ginn et déi nächst Wochen just nach Zoppen z'iessen.

    shed,

    wéi een dann an wou kaaft. Hunn Problemer mat mengem, näischt schlëmmes, mee Saachen déi nerven.

    Meet and greet?

  • Jo ech hunn am Autoforum gelies, dass Honda mat den Civic nach e puer Boboen sollt hunn. Wie rabbelen, Lackproblemer, ondicht Dieren a Problemer mat der Fesnterdichtung.

    @ Integra wéi ass dain Civic dann esou? Qualitativ top oder eischter soulala

    Den aktuellen Civic get no nemmen an England gebaut, eng japanesch Versioun get et net méih, also können se hei och net op den japaneschen Knowhow zereck gréifen.

    shed
    besser wie een Peugeot 307 ass en egal wéih, daat waer jo och net schwéier :lol:

  • Also mir sin bis elo ganz zefridden domadder. Et ass en schwaarzen 2,2 Cdti Sport. Hun en réicht 14 Deeg an kann nach nët allzevill doriwwer berichten. Haat jhust en Problem matt deem blöden FAP-Filter mais deen ass geléist!

    MFG Shed

  • @ Shed,

    also sou gesinn sinn ech ganz zefridden. Akaafe goen as eng Freed. Mall op, alles ran, Mall zou an gudd as. Beim Integra war dat ëmmer eng Plo, wat sech op der Autobunn awer rëm relativéiert huet.

    Meng Problemer sinn:

    Tempomat funktionnéiert net, war 2mol an der Garage bis een mir gesot huet dass ech de Fouss vum Kupplunspedal soll loosen, da geet et. :roll: :blush:
    Heizung gëtt an mengen Aan net waarm genuch
    Blinkeren laafen un.
    Tankdeckel geet selten ob (gaaaaaaaaaaaaaanz grousse Problem bei Honda wou et elo schon déi 2 Léisung get).
    D'Mall gëtt net ëmmer direkt zou.
    An dat ständeg Piepsen am Auto egal wat as en piepst sech e Wollef.

    Kuck mol héi Motor-Talk - HONDA