Waat kann een androen bei der SNCT

  • Zitat

    Original von Integra
    Heescht also dass ech sou kann durchfueren?

    also ech hun emma gemengt et misst een vun bj 1999 uns (oda wor et 2000 wees net mei.) all modifikatioun androen mee wanns du soss dass de mam integra matt enga ABE einfa sou duerschkomm bass leit d'ätnfert jo op der hand ! soss ruff einfa an agreatioun un wanns de wells 100% secher sin !

  • Ech mengen och dass ab 1999 oder 2001 alles muss angedroen gin.

    Ech hun bei menger HKS 99 euro bezuelt (virun e puer joer), ech haat d'attestatioun dobäi.

    Eng Saach ass eppes unmellen, eng aaner Saach ass op sie et iwwerhaapt mierken ;)

    Fueren schon joeren mat den Airwalker Saitenschweller dohin, an sie checken guer näischt (obwuel ech awer ABE hun)

    Saachen déi direkt opfaalen (Felgen, Auspuff, Pare-choc), do gett et awer schweier dass déi näischt mierken...

    JJ: am beschten RDV huelen, soss wäerts de awer laang wanns de Pech hues. Ech war um 9 do, an sin réischt um 1 auer un d'rei komm. Fir sou saachen ass wierklech besser een RDV. (Firdeel ass dann awer dass den auspuff kaal ass :twisted: )

  • Zitat

    Original von Pipo 2000
    Ech mengen och dass ab 1999 oder 2001 alles muss angedroen gin.

    Ännerungen un engem Auto déi nom 1. Abrell 1998 ugemeld goufen mussen agedroen gin.

    @Pipo
    Hues du eng ABE oder "just" TÜV Pobéieren fir deng HKS ?

    Eng ABE ass jo eng "Allgemeine BetriebsErlaubnis", also muss de normalerweis net androen... normalerweis... :roll:

  • Jo, daat geet, d.h. wann's de keng Pabéieren hues muss de matt dengem Auto op Bitburg bei den TÜV Rheinland fueren, Eenzeloofnahm maachen, dann misst de irgendeen Certificat kréien deens hei um CT an der Agreatioun firweisen muss, dann droen sie et der normalerweis an. Am beschten per Mail nofroen, dann hues de eng schreftlech Äntwert an muss dann net diskutéieren wann een do mengt daat et awer aanescht wier