Wéi dir all wesst hun mir ab dest Joer méiglechkeet telé digital ze empfänken.
Et ass zwar keng mussesaach ( gott sei dank nach net ), mee déi meecht Gemengen an Opérateuren maachen jo awer schon grouss Werbung.
Sou wéi an menger Gemeng lo och zenter den 15 Mäerz
92 Programmer kréien mer lo Digital an nemmen nach 48 Analog ( bis elo waren der emmerhin 62 Analog dovuner puer wéi Prem... Aren... an vir méng Landsleit och Sptv )
Den Sch... bei der ganzer Saach ass jo un sech just dass mer vir ALL Fernseh een decoder mussen hun .
Ech plenneren demnächst, an sin mer umgaang ze iwwerleen op ech dann elo sou een Decoder kaafen soll, oder net... Et ass net d'Fro vum Präiss ( 97 € een einfachen an 300 an eppes fir een deen och ophuelen kann ).
Den Präiss vum Kabel-abonnement bleiwt och NACH d'selwecht ( well ech net gleewen dass daat nach laang esou bleiwt -> eis noopesch Gemeng huet se well erhéigt )
Gett et dann keng méiglechkeet een apparat ze kaafen, deen global fir déi ganz Wunneng geet??? Een Haus mat 4-5 TV-geräeter mat decoderen ze ékippeieren gett jo mega €€€€ ( net ze schwätzen fir hoteller, ... )
Daat muss technesch dach méiglech sin.
Waat soen eis Spezien