Digitale Fernseh zu Letzebuerg

  • Wéi dir all wesst hun mir ab dest Joer méiglechkeet telé digital ze empfänken.


    Et ass zwar keng mussesaach ( gott sei dank nach net ), mee déi meecht Gemengen an Opérateuren maachen jo awer schon grouss Werbung.
    Sou wéi an menger Gemeng lo och zenter den 15 Mäerz :)


    92 Programmer kréien mer lo Digital an nemmen nach 48 Analog ( bis elo waren der emmerhin 62 Analog 8o dovuner puer wéi Prem... Aren... an vir méng Landsleit och Sptv 8) )


    Den Sch... bei der ganzer Saach ass jo un sech just dass mer vir ALL Fernseh een decoder mussen hun :evil: .
    Ech plenneren demnächst, an sin mer umgaang ze iwwerleen op ech dann elo sou een Decoder kaafen soll, oder net... Et ass net d'Fro vum Präiss ( 97 € een einfachen an 300 an eppes fir een deen och ophuelen kann ).
    Den Präiss vum Kabel-abonnement bleiwt och NACH d'selwecht ( well ech net gleewen dass daat nach laang esou bleiwt -> eis noopesch Gemeng huet se well erhéigt :x )


    Gett et dann keng méiglechkeet een apparat ze kaafen, deen global fir déi ganz Wunneng geet??? Een Haus mat 4-5 TV-geräeter mat decoderen ze ékippeieren gett jo mega €€€€ ( net ze schwätzen fir hoteller, ... )


    Daat muss technesch dach méiglech sin.


    Waat soen eis Spezien :D

  • Firwaat fiirs du nach iwwer Kabel? Kaaf der dach eng Sateliteschossel wanns de plënners. Mee do bräicht een dann och pro Fernseh en Receiver, oder net.


    Hunn zwar och nach Kabel mee wann ech fir all Fernseh en Decoder brauch (mir hunn der 2) dann brauch ech 4 Steckdouse beim Fernseh:


    Fernseh
    Decoder
    DVD Recorder
    Playstation.


    Sorry, elo sinn ech och durchaneen.


    P.S Wouhinner plënners du dann?

  • Wann ech daat heiten http://de.wikipedia.org/wiki/DVB-C richteg verstaanen hunn, dann bezillt een mat Receiver glaich Droit d'auteur (basis) mat, an dofier kann ech maer net fierstellen, dass du Multi Receiver fenns. Wanns du emmer nemmen op enger Platz TV glaichzaiteg kucks kanns du jo den Receiver fierun deng Hausinstallation setzen, dann kann's du ob all TV den selwechten Programm kucken :roll: . Oder eben die ganzen Sch..... mat den Kabelbedreiwer emgoen, an ob DVB-S (Satelit) wieselen.

  • Integra


    Ech plenneren net wäit, bleiwen suguer an der selwechter Strooss :lol:


    Daat mat der Satellitenschossen hun ech mer och iwwerluegt, mee bei eis an der Gemeng muss de eng autorisatioun ufroen, an déi kascht 1000 € 8o wann ech mech net ierren.


    An däer Residence wou ech wunnen gin ass nämlech eng koppel dei eng schossel op der Fenster huet ( TV Cabo ... ), an do ass schon mächteg reklameiert gin, an déi kruuten suguer schon een Bréiw.



    Demnächst kennt jo awer och nach daat Angebot vun der Post ( IPTV oder wéi heescht daat?? )


    wäerden mol nach e bessen oof, mee ech perséinlech fannen daat awer eng sauerei mat den verschiddenen decoderen...

  • Jo,daat heescht IPTV,mee och do brauchs de eng sougenannten Settop Box pro Gerät.
    Desweideren si bei der Post hierer Léisung maximal 3 TV Geräter uschléissbar,bedingt duerch Bandbreet vun der Leitung.
    Awer Bildqualitéit ass vun allen Alternativen déi Bescht.


    Hei iwerens e klenge Link mat weider Info'en,muss jo e bessen Pub fir méi Patron machen :-) :
    http://www.pt.lu/portal/TelecomMain/telecom/pid/1380


    Du kenns also bei kengen vun den zukünftegen Léisungen laanscht esou een Receiver.


    Fir den Integra elo ganz duergeneen ze maan....wanns de e Videorecorder do stoen hues a wells een aanere Program ophuelen wei deen,dees de grad kucks,da brauchs de esouguer 2 Recieveren op déer Plaatz ! ;-)

  • Zitat

    Original von tscjoki
    Fir den Integra elo ganz duergeneen ze maan....wanns de e Videorecorder do stoen hues a wells een aanere Program ophuelen wei deen,dees de grad kucks,da brauchs de esouguer 2 Recieveren op déer Plaatz ! ;-)


    Wat e Blödsinn.


    Ech mengen ech kaafen Aktien bei engem dee Steckdousen hierstellt. Do wärt d'Nofro geschwënn klammen. :lol:


    Wéi mir ons Stuff emgeännert hunn, huet den Elektriker gemengt "Dräi Steckdouse ginn jo wuel duer?". An ech Arsch hunn alt gemengt "Natiirlech". :evil:

  • Jo,IPTV ass am Moment an der Ufangsphase an et dauert e bessen bis et gréissendeels verfügbar ass,woubei et awer zimlech schnell firugeet.
    Desweideren muss och déi Cablage am Haus stemmen,daat Ganzt funktionnéiert jo net iwer Coax,mee iwer Reseau-Kabel,CAT6 !
    An do ass event. deen deieren Deel vum Uschloss!
    Abopreisser kann ech der soen ;-)
    19.99 fir Classic (normal Settop Box)
    23.99 fir Comfort (Settopbox mat Festplack)
    All weideren Receiver 5.5,resp 9.5 mat Festplack


    Ech perséinlech hun eng Schossel mat enger Dreambox.
    Mee bei der Schossel muss de der bewosst sin,dass de zwar 3000 Programmer empfängs,mee se meechtens codéiert sin,daat gelt och fir normal Programmer wéi TF1,A2,FR3 zb.
    Vill dovunner ass zwar problemlos illegal ze knacken,mee et gehéiert schon e bessen Grondwessen derzou!
    Wanns de der daat net zoutrauts,resp. der et einfach wells maan,da kann ech der am Moment just deen digitalen Bouquet vun dengem Kabelubidder empfehlen.
    Kanns jo beim Kontrakt oppassen,wei laang dass de muss minimum bei hinnen am Kontrakt bleiwen,sou dass de duerno emmer nach Méiglechkeet hues,op een aaneren ze wiesselen.