Wéi dir all wesst hun mir ab dest Joer méiglechkeet telé digital ze empfänken.
Et ass zwar keng mussesaach ( gott sei dank nach net ), mee déi meecht Gemengen an Opérateuren maachen jo awer schon grouss Werbung.
Sou wéi an menger Gemeng lo och zenter den 15 Mäerz ![]()
92 Programmer kréien mer lo Digital an nemmen nach 48 Analog ( bis elo waren der emmerhin 62 Analog
dovuner puer wéi Prem... Aren... an vir méng Landsleit och Sptv
)
Den Sch... bei der ganzer Saach ass jo un sech just dass mer vir ALL Fernseh een decoder mussen hun
.
Ech plenneren demnächst, an sin mer umgaang ze iwwerleen op ech dann elo sou een Decoder kaafen soll, oder net... Et ass net d'Fro vum Präiss ( 97 € een einfachen an 300 an eppes fir een deen och ophuelen kann ).
Den Präiss vum Kabel-abonnement bleiwt och NACH d'selwecht ( well ech net gleewen dass daat nach laang esou bleiwt -> eis noopesch Gemeng huet se well erhéigt
)
Gett et dann keng méiglechkeet een apparat ze kaafen, deen global fir déi ganz Wunneng geet??? Een Haus mat 4-5 TV-geräeter mat decoderen ze ékippeieren gett jo mega €€€€ ( net ze schwätzen fir hoteller, ... )
Daat muss technesch dach méiglech sin.
Waat soen eis Spezien ![]()


