DC5 vs. Sandweiler (SNCT)

  • Hallo,


    vue dass deen DC5 mech schon relatif vill reizt stellen sech mir e puer Froen:


    a) den Auto huet Xenon awer keng Luuchtewäschanlage. Geet dat, oder geet bei Xenon eng automatesch Leuchtweitenregulierung duer?


    b) all déi Modificatiounen (Felgen, Carbonshauw, Käfeg, Sëtzer) si jo an Däitschland agedroen. Och d'Felgen (Volk) sinn agedroen ouni dass et Pubéiere ginn.


    Wéi geséit dat dann elo ze Sandweiler aus? Ginn déi Saachen agedroen? Wat kascht dat? E Fuerwierk kascht jo tëschend 100 an 200€ je nodeems ween et montéiert huet.

  • Et schéngt mer awer koomesch dass keng pabeieren dobäi sin. Déi huet hien jo normalerweis och gebraucht fir alles anzedroen...


    Een fuerwierk kascht 99 euro wann eng garage deen anbaut, an 199 euro wanns du et selwer ( schwaarz ) mess. ( daat war mol esou virun 2 joer wou ech daat gemeet hun ).


    Pare-choc fier waren 50 euro. Huelen och un dass all déi saachen ( säitenschweller, spoiler, ... ) an deem Tarif wäerten leien.


    Felgen hun ech kéng ahnung.


    Bei felgen, käefeg, ... kennen déi aaner der bestemmt méi hellefen :?

  • Dat mat de Pubéieren as och komesch. Egal.


    Et geet mir méi drëms dass falls déi Saachen an Däitschland schon agedroen waren, se ze Sandweiler einfach iwwerholl ginn.


    Kascht et eppes (soe mer bei Fuerwierk 99€) wann se an Däitschland an enger "Werkstatt" agebaut goufen, oder net.


    Hei ze Lëtzebuerg kriss du en extra Certificat wann eng Garage dir e Fuerwierk abaut.


    Froen iwwer froen.


    Ech géing jo och ze Sandweiler uruffen, mee wann ech dann herno dohinner fueren as rëm alles anescht.