Hallo,
vue dass deen DC5 mech schon relatif vill reizt stellen sech mir e puer Froen:
a) den Auto huet Xenon awer keng Luuchtewäschanlage. Geet dat, oder geet bei Xenon eng automatesch Leuchtweitenregulierung duer?
b) all déi Modificatiounen (Felgen, Carbonshauw, Käfeg, Sëtzer) si jo an Däitschland agedroen. Och d'Felgen (Volk) sinn agedroen ouni dass et Pubéiere ginn.
Wéi geséit dat dann elo ze Sandweiler aus? Ginn déi Saachen agedroen? Wat kascht dat? E Fuerwierk kascht jo tëschend 100 an 200€ je nodeems ween et montéiert huet.