Reifenhändler/ Geometrie service

  • Moien,


    Ech wollt wessen op dir hei an Letzebuerg oder Nopperen en gudden Reifenhändler kennt?!..ech hun guddes vum Rodigero heieren, ass et esou?


    An fir eng Geometrie maachen ze lossen , kennt dir hei och en gudden Händler?


    Merci Jongen

  • Also ech gi bei de Pneuenhändler op Viichten, ze Miersch as och nach een.


    Wat d'Geometrie ubelaangt wees ech net ween dat kéint maachen.


    Sos fuer eng Kéier op Bastenesch, do as eng Hondas Garage wou de Patron selwer en S2000 fiirt a bei 28.-€ d'Stonn sinn déi super gënschteg a kompetent.

  • Zitat

    Original von Integra
    Also ech gi bei de Pneuenhändler op Viichten, ze Miersch as och nach een.


    Wat d'Geometrie ubelaangt wees ech net ween dat kéint maachen.


    Sos fuer eng Kéier op Bastenesch, do as eng Hondas Garage wou de Patron selwer en S2000 fiirt a bei 28.-€ d'Stonn sinn déi super gënschteg a kompetent.


    Ah sou:lol:

  • Fier d'geometrie kanns du bei den Goedert goen. Waar virun 2 Meint do (Bartreng) an dei hun daat ganz gudd gemaach. Kriss een Ziedel matt Vorher/Nachher esou dass een och gesait waat gemaach gouf. Se hun och d'standard werter am computer also vun dohier kee Problem.


    am ganzen huet et mech 110 € kascht an 1 Stonn huet et gedauert.


    Pneuen waar ech bei den Schuhman zu Stroosen....


    Yves