Original von Pipo 2000
ech hun och zoufälleg bei AME gefroot, an sie waren sou gentil mir ze soen, dass d'baloise eventuell esou eppes hätt.
direkt bâloise kontakteiert, an kruut och schon eng äntwert.
muss daat zwar nach méi genau checken, mee hun et sou verstaan:
sie kennen 2 auton op engem kontrakt assureieren, mee et kann nemmen 1 auto fueren -> also net déi 2 gläischzäiteg (souwäit, sougudd )
wann den summer auto manner wéi 5000 km d'joer fiert, kascht daat 50% manner (vun waat? wees ech net ). Mee déi 2 autoen sin dann d'ganz joer ugemellt.
ech verstinn et also sou: den wanterauto kascht dann nochmal 100% an den summer auto nach extra 50% wann < wéi 5.000 km.
Daat géif mir perseinlech net gefaalen. déi 5000 km sin net immens vill. am summer kann een dann och déi 2 autoen parallel assureieren, an et gett net méi deier ( hun daat während 2 summeren gemeet ). den firdeel ass dass een dann déi 2 autoen gläischzäiteg fueren kann.
Mee wéi gesoot, ech probeieren weider detailer ze kréien.