Salut,
Sorry dass ech mech lo reischt mellen, mee daat mat den gielen Luuchten hei, klappt net esou wei ech et gären hätt.
Waat elo den auspuff ugeet: ech hun eng original HKS mat Silencer ( dei kruut ech vun eisem Hubs ).
Et war keen Probleem den auspuff anzedroen. Du muss just 4 plaketten op den auspuff schweessen ( deppen, resonator, an 2 mol auspuff selwer ). Ech hun zwar just 2 plaketten geschweesst, well ech wollt dass op den auspuff HKS steet
. Zu Sandweiler hun se zwar gefroot op daat dann elo 2 Anlaagen wieren, mee ech hun hinnen daat alles erklärt an et war keen probleem.
Ech hun mol net missen "silencieux"'en anbauen. Ech haat se zwar dobäi am fall op, mee sie hun näischt gesoot. ( hien huet awer mat enger täscheluucht an den auspuff gekuckt
).
Den eenzegen Probleem keint den kaméidi sen. Ech stoung relativ laang do ( vun 9-13 auer ), an dofir war den auspuff schon kaal. Ech hun missen erausfueren an do gouffen Dezibel'en gemooss. Daat war déck witzeg.
Et huet awer alles geklappt. 99 euro gedréckt, an d'saach war an der rei.
Ech hoffen ech konnt hellefen 