Autofestival

  • Hi,


    Also ech geif net biss den festival waarden....gei vielleicht am dezember well do hues du deng rou an kanns mam vendeur esou vill schwetyen weis du wells an meeschtens gin se dann och schon zum deel festivals preiser oder offeren....oder wanns du gudd handelen kanns....dann geif ech egal weini kucken goen fier een neien auto :-)


    bis dann

  • Beim Civic as am Moment de Problem dass sie en Offre de lancement hunn mat engem Virdeel vun 1.400€. Wéi laang dat nach geet wees ech net.


    Handelen as net well et keen Ladenhüter as.


    Ech kréien knapps 4% beim Garage Georges.

  • Et muss en Auto mat Platz sinn an mat Leeschtung. Et muss en Auto sinn deen keng Garage brauch an deen een och am Wanter fueren kann.


    Do haat ech eng Offer gefrot, krut awer leider den falschen Auto offréiert. Op Nofro as näischt méi komm.


    Néien Honda Civic 1.8 Benziner Sport
    Umellung ze Sandweiler
    Hellblo metallic
    Xenon
    Velourteppecher.


    Kascht beim Georges 20.000€ (+/- 725€ manner).


    Lëtzebuerg huet eben d'offre de lancement.


    War och schon bei de Meba froen mee deen geet am Oktober an d'Pensioun.