Waat kann een androen bei der SNCT

  • Ech hun lo mol ganz einfach belleg gesoot, well et fir Letz. verhältnisser awer net deier ass. Kann awer natirlech net mat Däitschland vergläischen, well ech nach nie do bei den Tüv war.


    ( Wou kann ech iwwregens dann goen, fir eng eenzelofnaam vun mengen Felgen ze maachen??? An mäin henneschten pare-choc??? )


    600 euro ass effektiv net vill fir een ami-auto unzemellen :nod:


    Daat mam selwer monteieren an dann 99 bezuelen an plaatz 198 ass awer mengen ech just bei Fiederen/Fahrwierk, oder net??


    Well bei mengem Auspuff hun se daat guer net gefroot.
    ( iwwregens hun ech d'fiederen och privat gewiesselt, an kruut awer eng rechnung vun der garage ;) . Do muss de just een do kennen, dann huet deen och séier suen verdéngt :lol: )


    Integra


    Ech hun nach 206 Gti Felgen, wann déi der eppes soen :)
    Hun mäin 206 jo schon eng zäitchen verkaaf, an déi stin just nach hei ;)

  • Wéi gesoot, mech hun se deemols an Däitschland op den TÜV gescheckt well se hei am Land daat net kucken kennen. Dann froen ech mech heiansdo waat fir Leit mer hei schaffen hun :?


    Dann soen mer mol Fuerwierk/Fiederen 200 Euro, Äuspuff 100 Euro, Pare-Choc 100 Euro, Felgen 100 Euro, dann bass de op 500 Euro :roll: Also ech fannen et net belleg, mee ech fannen déi nei Invidia GT300 och ze haard, also alles ass relativ :)

  • @Pipo,


    ma da kommen ech so mol siichen. Ginn der och en Euro.


    Kanns mir jo mol e gudde Präis proposéieren. Den CC gëtt e Samsteg ofgemellt.


    Hoffen dass ech den Auspuff kréien. E Kolleg vun ons schafft ze Sandweiler an deen as ëmmer ganz bänzeg fir mam CC ze fueren.

  • ech froen daat einfach mol hei:


    kann een hei ze letzebuerg en K&N gen2 kit anbauen an sandweiler drop kreien?
    wei gesait et aus an kombinatioun mat enger supersprint anlaach?
    an zu gudder lescht, waat ass mat domstreben?


    ech hun nach nie eppes getunt un mengen autoen an hun null ahnung!

  • Domstreben sind nicht eintragungspflichtig in D.
    Lux lehnt sich doch bei den Tuev-sachen stark an D an, oder?

    "Racing, competing, is in my blood. It's part of me, it's part of my life. I've been doing it all my life. And it stands up before anything else.

  • Zitat

    Original von McHeizer
    Domstreben sind nicht eintragungspflichtig in D.
    Lux lehnt sich doch bei den Tuev-sachen stark an D an, oder?


    Stimmt schon.


    Was den K&N kit angeht, würde es mich auch stark wundern, wenn die was sagen.
    Bei meinem AEM V2 haben sie bis jetzt noch nie was gesagt, und habe den schon ein paar Jahre eingebaut.


    Supersprint ist natürlich eine ganz andere Geschichte, da sind sie bestimmt nicht so locker. Hast du kein TüV oder ähnliches???


    Manchmal genügt ein Materialgutachten und gut ist. Bei meiner Front war es zumindest so :D


    Auspuff hatte ich aber TüV!!!


  • sehr schön
    falls dir mal ein s 2000 im dienst unangenehm aufallen sollte (was bestimmt nie im leben passieren wird ) ;) :lol: :lol: sind doch alle sehr anständige verkehrsteilnehmer
    könntest du ja ein auge zudrücken ;) 8)

    Gruß Alexander G
    04.06.2002 - 28.01.2006 Silverstone Schwarz Rot
    28.01.2006 - 04.09.2019 Moonrock Bi Color Schwarz Rot


    Leave Me Alone,
    I Know What
    I´M Doing ! ;)
    K.Raikkonen

  • Tableau F: Prix des opérations administratives et de contrôle en relation avec la réception à titre isolé d'un véhicule modifié par rapport au prototype réceptionné



    Véhicule


    Prix
    pneumatiques, jantes, volant, spoiler, feux ..., par élément
    54,00 €


    siège, ceinture de sécurité ..., par unité
    54,00 €


    aménagement extérieur (bull bar, échappement, attache-remorque et autres éléments similaires), par élément
    108,00 €


    aménagement intérieur (adaptations spéciales, etc.), par élément:
    108,00 €


    suspension, puissance moteur, carburant, freins, ancrages et autres éléments similaires, par élément
    216,00 €



    Les tarifs de ce tableau sont réduits de moitié si la modification du véhicule concerné a été réalisée sous le couvert d'une attestation de transformation dûment établie.



    SOURCE [URL=http://www.snct.lu/content/view/177/303/1/3/lang,french/]SNCT[/URL]



    ech kennen 2 Leit dei ze Sandweiler schaffen, an een huet ma gesoot dass de eng " attestation de modification" vum garage brauch deen der z.b. Fuerwierk oda sou agebaut huet..


    Domstrebe wees ech mol dass een net muss androen loossen.


    fannen et just gelenkt hun stahlflex drop an fuerwierk waert dann missen 216 eurs blechen well ech et an engm garage maachen gelooss hun. wanns de bedenks fir sou blöd leitungen einfa mol 216eurs. ouni attestation de modif wier ech bei 432 eurs also fir deen prais geif ech souguer all joer leitungen an fuerwierk wieselen..

  • Zitat

    Original von Integra
    Also ech wollt meng Supersprintanlag montéieren an déi huet eng ABE.


    Muss ech déi androe loossen (an dann 100, respektiv 200€ + agréation bezuelen)?


    JJ


    jo 108 resp. 216 + frais aggératioun !


    also eierlech gesoot kennt ee bei sou praisser dach nemmen op "domm gedanken" ...z.b. een auspuff dropzemaan deen nemmen hallef sou deier ass dofier keen tuv huet an all joers eroofzehuelen..

  • kawasake,


    mee ech hunn dach eng ABE.


    Op däitschen Siten steet do dass den Auspuff net agedroe muss ginn. War deemols bei mengem Integra an dem Remus identesch.


    D'Fuerwierk (KW V1) huet missten agedroe ginn.


    D'Attestation kréien ech ouni Problem.


    Ech fueren Enn März jo dohinner fir den Auto rëm unzemellen, dann huelen ech d'Pubéiere mol mat a froen no.



  • pardon jo ABE nix androen, TüV jo !