Wou ze Lëtzebuerg e Laptop kaafen?

  • Hallo,


    ech stinn virun der Decisioun mir e néien Laptop ze kaafen.


    Virraussetzung:


    4GB Ramm
    500GB Harddisk
    15,4" Schirm
    Webcam (muss net sinn)
    Am léifsten Asus oder Sony.


    Wou kann e sou eppes ze Lëtzebuerg kaafen (Saturn, Cactus, Hifi)?


    Eventuell brauch meng Schwéiech och nach een, wou kann een domadder déi meeschte Prozenter rausschloen?


    Jean-Jacques

  • Zitat

    Original von shed
    Vläicht e bësschen méi Geld, Jo, mais nie Probleemer!


    kann ech nemmen zoustemmen.
    Mac as nemmen 1mol deier.
    Hun Mettlerweil mein 2ten MacMini, den eischten hat ech 5-6 Joer. Herno haat ech net mei genuch Speicherkapaziteit, mee den as na emmer Einwandfrei gelaaf.

  • Bei engem normalen Notebook hues de och seelen Problemer, an wann een mer seet bei Apple bezills de just een mol méi deier an hues deng Rouh... naja... :roll: Apple léist sech den Design bezuelen, net d'Qualitéit ;) Duerch meng Aarbecht sin ech genuch matt Apple konfrontéiert. Ech well se lo net schlecht schwetzen, mee sin net besser oder méi schlecht wéi déi méi belleg PC Konkurrenz. An daat bescht ass waat op verschidden Produit'en dropsteet:


    Designed in California


    Assembled in China


    ;)

  • Zitat

    Original von Greeny
    An daat bescht ass waat op verschidden Produit'en dropsteet:


    Designed in California


    Assembled in China


    Jo, traureg mee wann den geif an Kalifornien gebaut gin, wär den Preis wuel na schlemmer.


    Ech sin elo seit bal 7 Joer bei Mac, meng Erfahrung mat den PC'en dei ech virdrun haat war dei, dass den PC oft no 2-3 Joer "sauer" war, einfa schrecklech lues gin as, an sech oft opgehaangen hun.
    Grad wann een nemmen den belleschsten Model keeft as den Apparat schon bal ausgelaascht fir nemmen den Windoof Betriebsystem um laafen ze haalen.


    Mee ech sin keen Expert, wahrscheinlech wees ech einfa net dass en bei engem PC all Mount muss en Vidange maan oder soss epes ..


    Mee Mac as einfach Plug & Play

  • Dofir ass jo lo Windows 7 do :) Mäin PC leeft awer och schon baal 10 ouni vill Problemer, mee als Laie ass Mac definitiv méi einfach an et mecht een net sou séier eppes futti well een net sou einfach dohinner kennt fir eppes futti ze maachen. Mee bon, ass an mengen Aan trotzdem ze deier, schon säit 15 Joer an méi, an demols ass et keen OSX gin ;)


    A propos belleg Computeren, et gin wuel Ennerscheeder an der Leeschtung an Performance, mee mettlerweil sin Computeren sou Performant daat een quasi näischt falsches kann maachen wann een doheem just surft, Bankoperatiounen mecht, puer Breiwer schreiwt an Vakanzefotoen organiséiert. Firun 5-10 Joer wär daat awer nach ganz aanescht.

  • Ups,


    haat guer net gemierkt dass ee geännwert haat.


    War op Tréier bei de Saturn a hu mir e Laptop kaaft. E Sony.


    Meng Schwéieech huet sech déi sëlwechte kaaft a säin war schon no engem Daag sauer. 8o


    As awer anstaldslos getosch ginn. :thumbup:

  • Fro: Dei meescht hun jo Mac oder Windows 7 (hoffen ech emol well Vista waar jo net den glanz)
    Mee huet nach keen vun iech emol geduecht Linux ze benotzen? Virun allem Ubuntu....ass super einfach ze benotzen an definitive daat stabilst waat een kritt...


    Weilt emol wessen wei d'leit esou dorwier denken. Ech kann mier fierstellen dass den "grand public" nach relative zereckhaalend ass waat ech eigentlech schued fannen.


    Soot mer emol aer Menung.


    Yves