Fir mol unzefänken kann een hei am Land mol keng Eenzeloofnham maachen. Et kann een just eppes androen wann een pobéeiren dofir huet. Alternativ dozou kann een an Däitschland fueren an sech eng Eenzeloofnahm vun eppes maachen loossen an dann mam TÜV op Sandweiler fueren.
Zu den Präiser wees ech just daat et an Däitschland bei wäitem net sou deier ass wéi een oft sou um Internet liest. Jiddereen schreiwt vun deier mee et nennt keen Präiser. Fir mäin Rennmini op der Strooß unzemellen hätt mech eng Volleenzeloofnahm an Däitschland 300-400 kascht (wann ech mech net ieren). Do wier dann komplett Fuerwierk, Bremsen, Felgen, Äuspuff, "individuellen" Motor an ech hätt dann eng nei Gro Kaart kritt matt der effektiver Leeschtung. Et sief och erwähnt daat ech fir den ganzen Embäu keng Pobéieren hätt, weder fir Bremsen nach Fuerwierk nach Äuspuff nach Motor etc...
Dann ass et net schlecht wann een 200 Euro fir een Saatz Fiederen bezuelen muss déi just 150 Euro kaschten. Mee ech mengen do gin et verschidden Tariffer wann ech net ieren, oder ?