Néi Autosstéieren ab 2007.

  • Also ech misst fir den Integra elo 209€ bezuelen ze 73€ am Moment.

    As sëcher net falsch mee all d'Frontalieren an déi, déi durch den Tanktourismus majoritär schold un den CO2-Emissiounen héi am Land sinn, kommen dovunner.

    All Héckefranzous deen mat senger aaler Schrupp an d'Land kënnt dass de Bam de Kapp hänke léist, muss net bezuelen.

    Mech stéieren d'Souen net sou, mee et nervt mech dass verschiddener erëm méi gläich sinn wéi déi aaner.

    Ausrechnen kann et sech dat ganzt op RTL

  • Geet daat dann ? Muss den Auto dann net nees nei duerch Sandweiler ?
    Geet daat da just op 6 Méint fix oder wéi leeft daat ?
    Beim Volvo wier et elo net esou interessant well ech deen am Summer nach emol 2 Wochen umellen fir an Vakanz,waat da scho nees ömständlech wier,mee beim S wier et awer rentabel,well deen de ganze Wanter steet ?

  • Sandweiler huet näischt direkt matt den Steieren ze din. Wann's de d'Rechnung kriss kanns de jo fir 3, 6 oder 12 méint bezuelen. Wann's de fir den Wanter dann keng Steieren bezills, muss den net nees an d'CT fueren. Fir duerch den CT ze kommen musst d'Steier awer bezuelt sin ;)

  • Daat ass gudd ze wössen,daat wosst ech net.Ech war ömmer der Meenung,dass wanns de deng Steieren net gings bezuelen,den Auto no enger bestömmter Frist komplett ofgemellt wier an dass de en dann nees misst komplett wei e Neien,inkl. Sandweiler misst umellen.
    Esou kann ech dann zumindest e puer Euro beim S spueren.Beim Volvo lount et sech net esou,well ech am Summer nees mat deem an Vakanz fueren.
    Merci fir d'Info :)

    Wéi kréien ech ech dann noom Wanter nees ugemellt? U ween muss ech mech do wenden a waat muss ech dann ausföllen ?
    Ass daat "nees umellen" dann nees mat Frais'en verbonnen ?

    2 Mal editiert, zuletzt von tscjoki (4. Mai 2006 um 15:52)

  • Heescht dat wann ech en Auto den 1. Abrëll umellen kann ech nëmmen fir 6 Méint Stéieren bezuelen an dann och no deenen 6. Méint meng Assurance ofmëllen an dann nëss mat néier Assurance an mat Stéieren dat nächst Joer den 1. Abrëll nëss ze Sandweiler an d'Kontroll?

  • Hun elo zu Sandweiler ugeruff.Anscheinend stömmt daat :nod:
    Steieren hun direkt neicht mat Sandweiler ze din.
    Ech wees awer elo net,wéi een sech do muss genau uléen a waat ee muss ausföllen.Ok, oofmellen ass kee Problem...einfach hannen op der Vignette den Datum ausföllen.
    Mee de wei ,wou a waat fir e nees unzemellen wees ech net.
    A wei ass et mat dem Joer Rythmus vu Sandweiler ?Leeft deen normal weider och wann den Auto steierlech ofgemellt ass ?
    Get et do keng max Frist,wéi laang den Auto steierlech kann ofgemellt sin,ier e nees komplet nei (inkl. dann enger Kontroll zu Sandweiler) muss ugemellt gin ?

    Froen iwer Froen...? :?:

    Einmal editiert, zuletzt von tscjoki (4. Mai 2006 um 16:21)

  • Den Auto muss réicht komplett nei ugemeld gin wann en 2 Joer net zu Sandweiler resp. am Contrôle Technique wär, d.h. nei gro kaart, neit nummerescheld etc.. Waat Assurance an Steieren ubelaangt, sou huet daat eben näischt mam CT ze din. Mee wéi schon erwähnt, fir kennen duerch den Contrôle ze passéieren, muss d'Steier an d'Assurance gülteg sin.

  • Zitat

    Original von tscjoki
    Scho nees eppes beigeléiert,thanks :)

    Daat heescht ech muss just op Douane goen,wann ech den Auto nees umellen am Fréijoer,ass daat esou ?

    Jop, resp. dohinner uruffen fir eng Rechnung ze kréien fir d'Vignette ze "kaafen" ;)

    Daat alles ass jo awer net komplizéiert :D

  • Wann uruffen esouguer duer geet,ass et jo nach besser,well esouvill Spass mecht et net ,do firun deem berühmte Guichet ze stoen.

    Nee,komplizéiert ass et net,et muss een et just wössen. :nod:
    Da mache mer eben eng "tripartite (tite sin ömmer gudd :lol: )" am Snack Daniela,daat geet och duer :D

    Einmal editiert, zuletzt von tscjoki (5. Mai 2006 um 08:16)