Reparaturkäschten

  • Ech muss mäin Integra flécke lossen, wëll awer net zevill dofir bezuelen.


    D'Bremsen (Schéiwen, Belég, Flëssegkeet, Schläich) sowéi d'Raadlager musse gewieselt ginn.


    Den Auto brauch Korrosiounsschutz an muss nolackéiert (Rascht) an poléiert ginn.


    As dat héi am bëllegsten oder Belsch, Däitschland.


    Fir d'Raadlager muss ech an eng Garage goen well déi ja agepresst ginn.

  • Salut,
    Ech gin en Samsdeg den 1sten Juli op Bastenech an d'Hondagarage, do kaschten d'Aarbechtsstonnen nëmmen 27€, daat ass d'halschent vun hei an den Service soll 1A sin. Ech kucken mir daat mol un, fir wann den Meba dann wirklech soll an d'Pensioun goën soll an ech en Ersatz fannen muss!

  • salut


    bremsen kanns du selwer machen,hat se bei mengem itr fiir gewiesselt an wa seier geschitt,wei et mat denen henneschten ass wees ech net,fiir karrosserie arbeschten krutt ech nach emma an der belg den beschten preis gemach.

  • shed,


    wann et geet fueren ech mat. Den Meba mengt dass d'Bremse wieselen baal méi déier get wéi den Auto wert as.


    Pat,


    ech muss alles wieselen (Schéiwen, Belég, Flëssegkeet, Flexiblen).


    Wann ech dat irgendwou sou maache kann wier et mir egal.


    Ech kréien de Souen nie ran déi ech investéieren. Problem bei mengem Auto as d'Scheckheft an d'Accidenter.


    Wann een e sou hëllt as mir de Rescht egal.

  • As fläit en bessen OT:


    Muß wuel d'nächst Woch oder dei Woch drop meng Radkäschten hannen bördelen.
    Wees do een eng Adress, hun grad mol bei mengem Karossier gefrot, deen mecht et net.
    Ajo, gelackt mist en duerno och bessen gin, well an der Falz den Lack liicht ofplatzt.


    Btw.
    Ech hat meng Bremsen beim AutoRacingService.lu machen los, Belaäg, Leitungen, an Liquid. Hat eng knapp Stonn gedauert.

  • shed,


    ech ginn den Auto sou wéi en as net lass. An d'reprise ginn ech en net well do verléieren ech nach méi. Ech huelen en komplett aus dem Internet raus.


    getri,


    ech muss alles wiesele lossen.


    Beim Garage Georges hunn se mir gesot dass sie keen Devis maachen fir sou Aarbechten. Sie hätten sech schons oft verschätzt. Et wéist een jo nie wat nach alles misst ersaat ginn an wéi laang et géing daueren.


    Déi läschte Kéier lungen se 200.- € iwwert dem Devis. D'asssurance huet bezuelt mee egal. Dann lossen ech en do net flécken. Ech wees wéi dat dann ausgeet. Dann léiwer an der Belsch. Eng Stonn méi as do net sou déier.

  • getri
    Géi op Mertzeg bei den Maillet, deen sprëtzt an bastel un villen CTR , déi am lëtzebuerger Autosport rëmzefannen sin! Hien ass OK am Präis an erfëllt och mol extra Wënsch: Su kanns jo soën ech hätt Dech geschéckt, oder ech kann och matt Dir dohinner fuëren!
    MFG Shed

  • ma ech hat mein zu bitburg an reprise gin,waren och karroserie aarbeschten zemachen,distributioun,wasserpompel,pneuen,keen scheckheft an se hun mer en gudden preis gemeet,wannste dein an reprise wells gin,kannste jo mol do probeieren,an service ass top.

  • Jo, mee ze Bitburg as den néien Civic méi déier ewéi héi. Fueren muer mol bis dohinner.


    P.S Ganz begeeschtert war deen um Telefon net. :roll:


    Muss den Auto awer nach en bessi an Originalzoustand versetzten an och wäschen.

  • Zitat

    Original von shed
    getri
    Géi op Mertzeg bei den Maillet, deen sprëtzt an bastel un villen CTR , déi am lëtzebuerger Autosport rëmzefannen sin! Hien ass OK am Präis an erfëllt och mol extra Wënsch: Su kanns jo soën ech hätt Dech geschéckt, oder ech kann och matt Dir dohinner fuëren!
    MFG Shed


    Bon en Freiden get d'Fuerwierk mol angebaut, an sou deif gemach wei et lo mol ouni weider Arbechten geet.
    Mertzeg as en bessen weit vun mir aus, kommen awer vläit drop zereck wann ech näischt fannen.

  • Pat,


    merci fir den Tip. Sie huelen den Integra an d'Reprise fir 9.000€ sou wéi en as. Leider hunn ech herno mäin fiischt Lëpps missten schréipsen, hoffen just dass et net opfällt.


    Den Präis vun hinnen war trotz der Offre de lancement vun Honda Lëtzebuerg baal d'sëlwecht.


    Hätt ech gewosst dass do en Burger King wier, wier schon éischter dohinner gefuer.


    Ech hoffen just dass sie den Integra op Lëtzebuerg siiche kommen well ech keng Méigechkeet hunn alles dohinner ze fueren. Ech sinn och frou wann ech net méi muss fueren well ech net wëll dass nach eppes geschitt. Ech féieren en elo bei meng Elteren an dann gët en ofgemellt.

  • :thumbup:Salut,
    Sin elo jhust zréck aus der Revisioun mam S, hun dësen Garage probéiert, vue que daat mäin Garage soll Enn dës Joërs zoumaachen an ech elo en neien brauch. Ech sin dohinner komm matt Rendez-vous. Super frëndlëch krutt ech direkt en Civic ungebuëden fir spazéieren zefuëren, ouni daat sie mol woussten wien ech dann elo genau sin, den Auto wier an 1,5 Stonnen faërdeg! Sin dunn no enger 1,5 Stonnen zréch an den fonkelneien Hondagarage, wou iwwregens 2 schwaarz S2000en stoungen, déi dem Mécanicien selwer gehéiert hun an een NSX vun séngem Brudder, gefuër. Si woëren nach am gaangen méng komplett Bremsanlag ze botzen, mais den Auto woër baal faërdeg. Ech krutt d'Rechnung matt fir ze iwwerweisen an woër positiv iwwerrascht, daat ët nët méi deier woër!
    HO01 HUILE MOTEUR 6,2 7,05 43,71 4
    9410914000 RONDELLE DE BOUCHON DE DR
    1 0,37 0,37 4
    15400RBAF01 OIL FIL TER CARTRIDGE
    1 11,03 11,03 4
    PAMO02 TIX LAVE GLACE
    1 2,73 2,73 4
    45022S2AE50 SET,PAD FR (16CL-
    1 107,91 107,91 4
    43022SN7E50HE SET PAD RR 1 86,22 86,22 4
    34906S6DG01 BULB(12VPY21W)
    1 1,36 1,36 4
    MOO01 MAIN D'OEUVRE MECANIQUE
    1,5 26,77 40,16 4



    TVA 4=21 % 11.839 BEF SUBTOTAL 293,49€
    BASE 293,49 2.486 BEF TOTAL TVA 61,63€
    MONT. 61 ,63
    TOTAL A PAYER


    14326 BEF 355,12€

  • Fir Karosseriearbechten gin ech bei den Teubner.


    Deen as saugutt (huet 15 Joer bei Euromotor an der Carosserie geschafft) an mecht gutt Preisser


    Branche: Lackierereien

    Teubener Jörg

    Söst 66
    54457 Wincheringen Telefon: (06583) 993090
    Telefax: (06583) 993095

  • Waat mech bei den ganzer Sach an den Praisser bei eis nervt, dass nach meeschtens nemmen drun gefuscht get, et seelen eppes ordentlech gema ass, resp. den Auto duerno ausgesait wéih eng S.... Zu Monnerech war emmer een gudden Carrossier, mee deen get et net méih :cry: . An egal wouh du geees, du bass néirens méih Client, mee nemmen nach just den Arsch den bleschen war, an daat nervt am meeschten. Ok wann et déier, mee haaptsach et ass ordentlech a propper gema.

  • Zitat

    Original von N9500
    Waat mech bei den ganzer Sach an den Praisser bei eis nervt, dass nach meeschtens nemmen drun gefuscht get, et seelen eppes ordentlech gema ass, resp. den Auto duerno ausgesait wéih eng S.... Zu Monnerech war emmer een gudden Carrossier, mee deen get et net méih :cry: . An egal wouh du geees, du bass néirens méih Client, mee nemmen nach just den Arsch den bleschen war, an daat nervt am meeschten. Ok wann et déier, mee haaptsach et ass ordentlech a propper gema.


    Word.


    Wéi ech bis den Kontrakt vun neie Civic ënnerschriwwen haat, war et riwwer mat der Hëllefsbereedschaft. T'ass iwwerall sëlwecht.


    Vidrun hunn se sech gestridden fir engem an den Asch ze klammen (bildlech geschwat) haut gëst de just nach dem sëlwechten bekuckt.