Nach eng kéier Garage

  • Et gouf zwar schonn emol eng kéier daat Thema hei, mee do ass zimlech fill OT dran komm dofier well ech nach eng kéier ufaenken


    Waat hald daer foun folgenden Garagen:
    [list=1][*]Ries Foetz
    [*]Dynamic Motors Bertrange
    [*]Georges Mersch
    [*]Leardini Aubange
    [*]De la Wiltz Bastogne
    [*]Am Hafen Trier
    [*]Rinnen Bitburg
    [*]Adam Ensdorf
    [/list=1] Wann daer elo w.e.g. aer Erfahrungen zu denen Garagen sachlech kéint berichten. Merci am fieraus.Ech fier main Deel sinn/wuar bis elo Client beim Ries an well eigendlech wieselen.Waat ech maer erwarden ass, dass ech net op d'Ae gedreckt gin, an Arbescht propper korrrekt ausgefouert get, an ech mech eben drop verloossen kann. Garage sollt schonn e bessen méih können wie nemmen Vidange maachen an bloed laberen.Also aer Erfahrungen sinn gefroot

  • Rinnen Bitburg:
    keine Werkstatterfahrung. Sollten sich aber auskennen, da viele S verkauft.
    Verkäufer Hr. Font... ist ein Schwätzer bzw. meldet sich nie bei dir, auch wenn er es verspricht.

    "Racing, competing, is in my blood. It's part of me, it's part of my life. I've been doing it all my life. And it stands up before anything else.

  • De la Wiltz Bastogne


    Den Patron schafft selwer um Auto, hien selwer fiert een S2000 an en NSX! Du kanns nokucken an ech hun fir d'60000km Révisioun ëm 350 € matt Bremsplaquetten bezuëlt. An en plus bidd hien Dir gratis eng Assistance vun Honda un, wann's Du d'Révisiounen bei him mëchs.

  • Zitat

    Original von McHeizer
    Rinnen Bitburg:
    keine Werkstatterfahrung. Sollten sich aber auskennen, da viele S verkauft.
    Verkäufer Hr. Font... ist ein Schwätzer bzw. meldet sich nie bei dir, auch wenn er es verspricht.


    Dem kann ich leider nur zustimmen. Ab dem Zeitpunkt wo ich den Kaufvertrag unterschrieben hatte, hat sich keiner mehr gemeldet. Auch nicht als ich Ihnen all meine Mängel mitgeteilt hatte.


    Mit denen bin ich fertig.

  • Ech sin beim Dynamic am Autopolis an zimlech zefridden. Kruut op Garantie eng Culassedichtung gewiesselt an 2 mol d'Glace ersaat an sie kennen mech wann ech laanschtkommen. Also matt der Mecanique sin ech zefridden.


    Karosserieméißeg fannen ech den Utopolis egalwaat, sie maachen hier Aarbecht net propper. Sie hun mer Joeren laang d'Dier agestallt well ech alt mol puer Reendrepsen rankréien an lescht Joer wär et ganz schlemm, mee lo wéi d'garantie oofgelaaf ass heescht et daat d'dichtungen gewiesselt mussen gin. Dofir kann Honda awer net well d'Karosserie mecht Volvo. Meng béige Setzer wären schon dreckeg vun hierer Kombi. Ech wär nom Akzident reklaméieren daat den Verni géing verbleechen an se hun den Kotfliggel poléiert, den Rescht vum Auto hun se dreckesch gelooss wéi en wär... Mee Honda kann net dofir, sou ass hier Opdeelung halt.

  • Zitat

    Original von Greeny


    Karosserieméißeg fannen ech den Utopolis egalwaat, sie maachen hier Aarbecht net propper.


    Dohin geet een och net säin auto flécken ;)


    Fir mäin deel:


    Ech war emmer beim Meba zu Dikrech, deen et leider net méi gett. Ass awer erem nei opgemeet gin, mee ech mengen déi maachen lo just karosserie aarbeschten ( net nemmen honda ). mee daat muss ech mol eng kéier selwer kucken goen.


    Lo sin ech beim Gorges zu Miersch. Sie hun mer déi normal vidange gemeet, an puer klengegkeeten agebaut ( Windschott mat beliichtung, Ueleg-adapter, ... ) an den präis war korrekt.
    Kann nemmen guddes iwwert déi soen.
    Ech haat permanent kontakt mat deenen. soubaal eppes war, kruut ech een telefon, respektiv, soubaal ech ugeruff hun, kruut ech direkt den richtegen drop.


    Als klengen bonus, kruut ech elo eng sms fir den neien Type R kucken ze goen.

  • @Pipo


    Stemmt, lo wees ech daat och, mee well ech den Auto do kaaft hun wollt ech och alles am "selwechten" Garage maachen, wéinst der Garantie spéiderhin.
    Lo hun ech keng Garantie méi um Auto, mee bleiwen trotzdem beim Dynamic, wellt et mech och geographesch arrangéiert. Wann awer eppes un d'Karosserie kennt, dann awer tschüss Autopolis.


    Den Meba vun Dikkrech ass zou an hun mer soen gelooss daat den Georges vun Miersch do lo seng Karosserie mescht.


    Edit: :lol: :lol: :lol: Lo liesen ech grad Utopolis, waat sin ech eng blann säu... :lol:

  • Ech kann och nemmen guddes iwwert den Garage Georges soen.
    Hat virun engem Joer eng Revisioun um Civic, bis op en puer Problemer mat mengem Kat (war en emgeschweesten :roll: ) huet alles tiptop geklappt.
    Hun mein Evo lo och do kaaf.
    Alles prima bis op dat daß ech lo Wanterpneuen hun dei ech guer net bestallt hat. :lol:

  • Zitat

    Original von getri
    Ech kann och nemmen guddes iwwert den Garage Georges soen.
    Hat virun engem Joer eng Revisioun um Civic, bis op en puer Problemer mat mengem Kat (war en emgeschweesten :roll: ) huet alles tiptop geklappt.
    Hun mein Evo lo och do kaaf.
    Alles prima bis op dat daß ech lo Wanterpneuen hun dei ech guer net bestallt hat. :lol:


    Evo....buuhuuu :D