Versecherung

  • Salut dir leif Leit aus Letzebuerg :D


    Ech bezuelen +-1950€ am Joer fir d'Assurance Baloise vum S (+08 an -15% Bonus-Malus)!
    Ech fannen dat ass deier wann ech andauernd vun Franzousen an Preisen esou em dei 1200€ heieren!..ass dat an Letzebuerg mei deier?
    Weivil bezillt dir dann wann et keen Secret ass :? mat wivil %er dann??


    Merci villmols
    Filipe

  • Hallo
    ech bezuelen ca 1780€ an sin och bei der Baloise. Bonus 7 mengen ech.
    Fannen daat och vill, an sin dofir staark um iwwerleen op ech na eng Vollkasko next Joer huelen.

  • Ech géif och mol ronderem froen fir eng offer ze kréien.


    Online kann een zwar schon vergläischen, mee et ass emmer besser wann een bei een agent geet. Do kann een eventuell e bessen handelen.


    Ech war virdrun beim Foyer an elo sin ech bei der Luxembourgeoise. Gesin do zwar keen groussen ennerscheed ( hun just gewiesselt wéinst der aarbescht :) ).


    Bei verschidden assurancen muss de just oppassen:


    den foyer z.b. rechent een bonus/malus fir déng RC an een aaneren bonus/malus fir déng Casco
    d'luxembourgeoise rechent een bonus/malus fir RC an Casco zesummen.


    et huet alles séng fir- an noodeeler.


    haat perséinlech virdrun beim foyer een bonus 2 op meng RC mee een bonus 4 op meng casco :?


    lo hun ech den 2 op alles :D

  • Jo ech sin beim Foyer an well och lo wiesselen.


    Firun allem sol et eng Assurance zu Letz gin wou een 2 Autoen op 1 Assurance laafe loosse kann virausgesaat et fiert een eben emmer nemmen mat engen.


    As daat Baloise?!

  • Zitat

    Original von stocky
    Jo ech sin beim Foyer an well och lo wiesselen.


    Firun allem sol et eng Assurance zu Letz gin wou een 2 Autoen op 1 Assurance laafe loosse kann virausgesaat et fiert een eben emmer nemmen mat engen.


    As daat Baloise?!


    Also dat wier jo mol super interessant. Dat heescht wann ech mat deem engen Auto fueren, därf deen aaneren net bewegt ginn.

  • Foyer an Luxembourgeoise sin et mol net. Ech hun mech do och schon emfroot, mee fir 2 autoen war do nach näischt dran.


    Wanns de eppes fenns Yves, dann so bescheed. Daat stänneg hin an hier wiesselen nervt schon.


    Haat an der zäit emmer déi 2 am Summer ugemellt fir dann kennen ze wiesselen.



    Geet daat dann och mat Auto + Motorrad?? (also een vun den 2 autoen ersetzen duerch een motorrad) quasi 1 auto + 1 auto + 1 motorrad...



    Iwwregens, ech maachen demnächst den führerschäin. Huet een tips, op waat een do oppassen muss? Kombinaison, Occasiounsmotorrad, ...


    Merci

  • Baloise mecht daat anscheinend soot den Jean Jacques an da ka gutt sin well ech enennerem mech drun datt laescht Joer een mir daat gezielt haat.


    Waat ech secher wees as dat Baloise 50 Prozen top d Assurance get (och VK( wann een net mei wei 5000 km mam Auto pro Joer fiert.


    Mee daat keint knapp gin...

  • @ Pipo,


    ëmmer eng Kombi. Ech sinn, wéi ech nach gefuer sinn, bei 30° mat enger kompletter Rennkombi gefuer.


    Wann's de do stees, gëtt et sauwaarm an du schwees wéi e Rand mee wann's de bis iwwert de Buedem rutschs, da wees de wat'ste haas. ¨


    Beim Helm a bei der Kleedung géing ech net spueren well du hues keng Knautszone.


    Nie en Occassiounshelm (dee ka futti sinn ouni dasste eppes dovunner geséis).

  • Zitat

    Original von stocky
    Baloise mecht daat anscheinend soot den Jean Jacques an da ka gutt sin well ech enennerem mech drun datt laescht Joer een mir daat gezielt haat.


    Waat ech secher wees as dat Baloise 50 Prozen top d Assurance get (och VK( wann een net mei wei 5000 km mam Auto pro Joer fiert.


    Mee daat keint knapp gin...


    10000km wieren interessant, dann geif ech definitive do emol kucken...well 5000 ass wei's du sees relative knapp. An 50% op der VK wier net schlecht.

  • Zitat

    Original von stocky
    Jo majo da komm mir siche mol gemeinsam.


    Vlaich fennt jo een eppes.


    Ka jo jidfereen mol bei senger assurance froen


    Hun nächst Woch rendez-vous matt mengem Agent an wärt en emol e puer froen stellen waat een alles maachen kann. Wann een eppes spezielles well wessen, loos mech et wessen an waert dann och dei Froen addresseieren.


    Yves

  • ech hun och zoufälleg bei AME gefroot, an sie waren sou gentil mir ze soen, dass d'baloise eventuell esou eppes hätt.


    direkt bâloise kontakteiert, an kruut och schon eng äntwert.


    muss daat zwar nach méi genau checken, mee hun et sou verstaan:


    sie kennen 2 auton op engem kontrakt assureieren, mee et kann nemmen 1 auto fueren -> also net déi 2 gläischzäiteg (souwäit, sougudd )


    wann den summer auto manner wéi 5000 km d'joer fiert, kascht daat 50% manner (vun waat? wees ech net ). Mee déi 2 autoen sin dann d'ganz joer ugemellt.


    ech verstinn et also sou: den wanterauto kascht dann nochmal 100% an den summer auto nach extra 50% wann < wéi 5.000 km.



    Daat géif mir perseinlech net gefaalen. déi 5000 km sin net immens vill. am summer kann een dann och déi 2 autoen parallel assureieren, an et gett net méi deier ( hun daat während 2 summeren gemeet ). den firdeel ass dass een dann déi 2 autoen gläischzäiteg fueren kann.


    Mee wéi gesoot, ech probeieren weider detailer ze kréien.


  • wei schon uewen gesoot, 10000km wieren interessant. wann een esou eppes keint kreien. <10000km d'Joer an dofier een extra Prais daat wier top....mee wei gesoot froen daat nächst woch no.

  • Also mir ginn u sech bei d'AME well déi bei ons am Verglaach zer Luxembourgoise an der Baloise e gudde Krack méi bëlleg as (och nach -6% well mir Member an der CGFP sinn).


    A mir sinn um Bénéfice vun der AME bedeelegt. Waren d'läscht Joer 15€ déi ech ausbezuelt krutt.


    Natiirlech hunn déi grouss Assurancen e grousse réseau vun Agenten, mee et kritt een ëmmer dat wat e bezillt.


    Ech fueren haut bei d'AME a froen do mol perséinnlech no.


    Gi Bescheed.