TV zu Letzebuerg

  • Salut alleguer,


    Schreiwen mol nees eppes hei am Benelux deel, well soss gett deen nach geläscht well näischt leeft.



    Ech hun mer lo d'Fro gestallt, wéi eng méiglechkeeten mir hei am Land iwwerhaapt hun, fir Telé ze kucken. Dommader mengen ech HD qualitéit iwwer receiver zum beispill.


    Bei eis zu Dikrech hun mer eng relativ gudd Gemeinschaftsantenne, mat vill programmen. Mee fir déi am HD ze kucken, mist ech een decoder kaafen fir +- 250 euro (an daat fir all posten).


    Telé vun der Post fannen ech perseinlech nach emmer ze deier.


    Eltrona kréien ech hei net.


    Waat hudd dir selwer doheem, oder waat géift dir proposeieren??


    P.S.: Déi iwwerleeung kennt, well ech ufänken mat bauen, an do géif ech schon gäeren vun fier eran alles plangen :-)

  • Saluti


    Also als eicht muss ech derbei soen dass ech firbelaascht sin duerch méi Beruf...schaffen op der Post :-))
    Mee soen awer direkt dass ech selwer doheem keng Telé vun der Post hun,mee Sat.
    Mee direkt eng kleng Verbesserung...wéisou ass Telé vun der Post ze deier ?
    Preislech léit se absolut idem mat der Konkurenz,muss emmer bedenken dass de Decoderen hei net muss kaafen a soumadden emmer um läschte Stand bass (HD...3D....etc) resp.nie en Decoder hues dee futti ass.
    Am Moment gesin ech éichter e puer aaner Nodeeler bei der Post,déi awer geschwenn net méi bestin (et géifen se schon net méi wann den ILR eis net ging verbidden se a Betrieb ze huelen well Konkurenz nach net esou weit ass).
    Mee Telé vun der Post huet awer och vill Avantagen.
    Waat Bildqualitéit ubelangt,do leien se all ziemlech op engem Niveau,Basisbouquet'en souwisou well déi och vum ILR festgesaat sin,do kann de Provider just nach Supplement'en derbeisetzen (waat Post zb. mecht)
    All Zousatzbouquet get bei jidferengem ziemlech deier.
    Fir mech absolut TOP ass SAT mat Dreambox ;-)
    Awer do bewegs de dech am Bereich vun der illegalitéit je nodeem ;-)
    Mee waat Bildqualitéit ugeet léis de do um Maximum,muss dech awer selwer dermadder e bessen auskennen an hues event. kee Bild bei schlechtem Wieder (haat ech awer bis elo ereicht emol)
    Ass zwar eng deier Investitioun,mee aawer eng emolech an du kucks waas DU wells )
    Sou,elo wees de net méi ewei firdrun,gell :-)))

  • Salut,
    also ech hun Telé vun der Post an sin souweit zefridden.
    Du dierfs natirlech och net just Telé vun der Post alleng gesin.
    Fir Telé ze kreien as Internet obligatoresch, an fir Internet ze kreien as Festnetz obligatoresch :roll:
    Internet wollt ech souwisou hun, Festnetz hätt ech zwar gären drop verzischt, mee bon.
    Ech misst elo nach emol norechnen, mee ech mengen et war och daat belleschst fir mech. Hun awer och just den Basis Internetunschloss geholl.


    Telé vun der Post leeft iwer den "Internet-Kabel", den frendleschen Postinstallateur huet, op mein Wonsch, Gemeinschaftsantenne aus der Wand gezun an Internet eropgezun. Elo hänkt Telé um Internetfestunschloss.
    Daat misst och rem Reckengeg ze maachen sin.. falls een sech et mol anescht iwwerleet.
    Souweit ech wees, daat deiertst un der Gemeinschaftsantenne as den eischten unschloss, do rabbelt et gehirlos an der Keess xxxx€

  • @tsjoki:


    gudd dass de opmannst onparteiesch bleiwst :lol:


    ze deier, well: wann ech hei zu dikrech d'gemeinschaftsantenne (12 euro/mound + eemolesch mengen ech 56 euro droit d'auteurs) een decoder kaafen, dann bleiwen ech bei deem tarif. decoder leien zweschen 90 an 500 euro.


    waat mech bei der ganzer saach nervt ass dass een fir all tele een decoder brauch...


    bei der post kann een dach maximal 3 TV unschleissen, oder?? an daat nach jenodeem wou een wunnt.


    Dreambox hun ech well dovuner heieren, mee kennen daat net esou.


    @elbarto


    internet hun ech souwiesou, an well et och behaalen. festnetz hun ech leider och, well et net aaneschter geet (obwuel Vox schon DSL ouni festnetz proposeiert!!!)



    sou, lo wees ech definitiv net mei wei virdrun, mee bon.


    - eltrona / imagine kann ech souwisou hei an der geigend vergiessen
    - post seet mer am fong och net vill vue dass mer hei zu dikrech schon eng top gemeinschaftsantenn hun, an ech do (mengen ech) mei belleg ewegkommen
    - eng schossel géif mer eischter eppes soen, mee do muss ech nach kucken waat do leeft

  • Tjo, dann muss du dir wuel iwwerleen op's du leiwer en decke Batz emol bezills oder leiwer mei heisch Mensualiteiten hues :?


    Mir fällt grad op dass den Forum d'Wuert "et" automatesch grouss schreift.
    Daat get et dach net! ;)

  • Daat mat den Decoderen bleift fréier oder spéider net aus,well alles digitaliséiert get,sou dass et egal ass bei weem's de bass.
    An da muss de Preiser och vergleichen op déer Basis an zousätzlech och nach déi gebueden Servicer.


    Jo,daat mat den 3 Decoderen bei der Post stemmt (deels esouguer nach manner) waat am Moment e vun de Nodeeler ass. Dee Problem get awer geléist esoubaal mer dierfen,well daat leit net onbedingt un eis,mee um ILR deen eis am Moment nach d'Glasfieber an de VDSL2 blockéiert well Konkurenz soss enner ging goen. (Verreckt Welt,mee ass esou)
    (War eigentlech programméiert daat fir déi läscht Hierschfoire ze lancéieren,mee mir goufen deen Dag firdrun vum ILR ausgebremst)
    Des weideren wärten an Zukunft och nach vill aaner Verbesserungen kommen (Reaktiounsvitesse,Stabilitéit,etc...)


    Jo,ech bleiwen onparteiesch ;-)
    An daat huet sei Grond,well ech eben vun der Dreambox voll iwerzeecht sin.
    Mee wéi gesoot,du muss dech e bessen dermadden auskennen,an du muss bei SAT bedenken dass de Gros vun de Programmer verschlesselt sin,och Programmer déi fir eis hei zu Letz zum Standart gehéieren,wéi TF1,A2,etc.
    Dass et do Méiglechkeeten gin ass net d'Fro,mee du bewegs dech halt am Bereich vum Illegalen an deem Fall.


    Ennert dem Strech gin oder huelen déi verschidden Ubidder sech net vill.
    E grousse Choix hues de net,well de Mart vun de Gemeinschafsantennen net op ass (leider) an du emmer un deen Ubidder gebonne bass,dee bei dir am Reseau ass,ausser eben Post.
    Kann dir awer ganz gär och emol Dreambox demonstréieren.

  • ech muss mer déi saachen wierklech eng keier live gesin.


    tele vun der post, hun der jo schon vill. well daat just kucken waat een vun meiglechkeeten do gett. wei handlech daat ganzt ass.


    dreambox kucken ech mol e bessi am internet wéi waat wou.


    wann ech awer weider infoen brauch, kommen ech gäeren op dech zeréck.



    waat soll een iwwerhaapt vun Leitungen am haus leen, fir dass een awer gewessen multimedia meiglechkeeten huet. (internen reseau, DSL, wifi, ...)??

  • Jo,kuck der daat Ganzt emol un.
    Dreambox kann ech der gär emol firféieren,du bass duerno begeeschtert!
    Just mam Preis wahrscheinlech net ;-)
    Hun déi deckst déi et get...baal 1000 Euro inkl. Festplack 8o


    Daat hängt e bessen dervun of waas de duerno wells.
    Koax bei de Kabelprovider oder SAT,awer net geschleeft,mee vun all Steckdouse op eng zentral Platz,resp. bis bei d'Schossel.
    Fir Post ass ideal Reseaukabel cat6 bis op déi Platz wou alles an d'Haus kennt...am beschten vun all Zemmer...mee bon,daat ass villeicht iwerdriwen well's de haut vill schnouerlos mess. Mee wann Méiglechkeet besteht,da mach do Kabel wou et geet,ass méi zouverlässeg ewei Wifi.
    Och fir Telé Reseaukabel cat 6.

  • ech haat souwiesou welles an all zemmer een reseau-kabel ze leeen, plus kabel.


    et ass wéi's de sees. Wifi ass gudd, mee kabel ass heiansdo besser.


    hun well haut mat engem geschwaat wéinst enger dreambox, klengt effektiv mega interessant. och waat den präiss vun den abo ungeet.


    just eben receiveren, déi musst de halt kaafen, an do gett et eben vun...bis


    mee et ass haaptsächlech an der stuff wou's de den "bäschten" brauchs...

  • Dann hues de punkto Kabel alles richteg gemeet :-)


    Jo genau,du brauchs jo am Fong just am Living eng Dreambox,all déi aaner Platzen geet e normalen Receiver duer.
    Ech hun et och esou gemeet.
    Wann's de eng keefs,da kaaf op jidferfall eng HD...sprech...déi nei 800SE oder wann's de wells eng Folie machen,8000 HD
    Ech hun déi läscht,ass mega deier,awer TOP!
    Hun och schon 800'er installéiert,déi ass awer och ok.
    Wann's de 8000 er well's,dann denk drun 2 Kabelen ze verléen,déi huet 2 Tuneren ;-)

  • Majo wann's de just 1 Tuner hues kanns de och just 1 Programm kucken.
    Obhuelen kanns de also just deen,deen's de grad kucks (ausser e leit um selwechten Transponder)
    Mat 2 Tuneren kanns de minimum 2 Programmer mateneen kucken (also kucken an en aaneren ophuelen zb. )
    Dream 8000 huet 2 a ka bis 4 Tuneren agebaut kréien,enner aanerem och terrestesch.