auto an frankraich verkaafen

  • Salut,


    Ech verkaafen main Seat vlaicht un e Franzous. Ech hun awer keng Ahnung wei dei genau Prozedur do oofleeft.


    Sou wait ech bis elo rausfonnt hun, kritt de Verkeefer nirwt dem Kaafvertraach vun mir jüst en certificat de mise hors circulation en vue d'une immatriculation à l'étranger, deen ech ze Sandweiler kreien wann ech den Auto do oofmellen.


    Gett et do nach eppes waat ech muss maachen?


    Am Auto ass e Bilstein B16 Fuerwierk agebaut, geet dei daitsch ABE fir den franseischen controle technique duer oder brauchen d'Franzousen do irgendeppes spezielles?


    hoffentlech kann een mir hellefen


    bis dann
    anschobi

  • Salut,


    Den certificat de mise hors circulation gess de zu sandweiler oof matt denger groer kaart, den franzous kritt dann entweder eng specimen kopie vun der groer kaart heem gescheckt (adress déi um certificat notéiert get) oder du gees matt him op sandweiler an hien kritt d'kopie sur place. den contrat de vente gess de him matt, an sie bräuchen och een certificat de conformité vum auto. wann den auto net aal ass misst de den och hun. fir d'fuerwierk an frankräich unzemellen ass säin problem (bessi krass gesoot, mee daat misst hien eigentlech wessen resp. sech op den richtegen plaatzen informéieren) vue daat se an frankräich ennert aanerem dekra garagen hun fir den controle technique, missten sie den däitschen tüv unhuelen. kann vläit sin daat en den tüv iwwersetzen muss, mee denken éischter net, wier bessi iwwerdriwwen.


    ass emmer nees witzeg ze gesin, d'franzousen kommen heihinner een auto kaafen, mee sie wessen net wéi se den auto an frankräich umellen sollen, mee mir sollen daat wessen :roll: naja, komescht vollek opallefall :roll: :D