Déi aal Werter hun ech nët, wees jhust, daat den rietsen hënneschten 2 cm aus den Féiss stoung! Schung: Dunlop SP9000, wollt deen neien Yokohama, mé deen woër nët op Stock!
Bei welches Hondagarage bringt ihr eures S in Luxembourg
-
-
2cm wier awer hefteg...daat as jo baal onfuerbar!
-
Jo dach 3500km murksen, an all Kéier queesch an um Zebrasträifen am Reen op der Riichter geet en einfach hannen weg! Mé elo enfin ass en fuërbar an ech sin endlech zefridden! Matt wéivill Bar fiirs Du normalerweis? Ech hun nämlech 2,5Bar, an wees nët op daat zevill ass!?
-
Kennt op d TEmperatur un 2.4 wanns se waar sinn...2.0 kaal
-
Also definitif zevill, kaal 2,5!
-
Wou mir grad beim Thema Fuerwierk sind.
Stocky, vermossen se beim Donkel och Achs an Spuer? -
Wann irgendeen een wees, deen mäin Wanter POLO brauch, sot Bescheed well ech wöll en verkaafen!
Merci Shed -
Aanert Thema:
Kann keen mir eng DVD besuergen fir een Navigatiounssystem?? Am beschten fir ganz Europa. Op waat muss ech do oppassen??
Merci -
Daat ass schwéier.
Dofir misst ee wössen fir wéi ee Navi.
Ausserdem geet daat je no Hiersteller net,wells de CD muss beim Hiersteller registréieren fir se freigeschalt ze kréien mat dengem Navi (TomTom Go zb.)
An deem Fall ass et besser de ganze Navi ze léinen. -
DTM schrieb am Tue, 21 March 2006 19:35
Wou mir grad beim Thema Fuerwierk sind.
Stocky, vermossen se beim Donkel och Achs an Spuer?
Nee leider net...gees de am beschten bei den Goedert.
BEi ais am Duerf as zwar och een mee daat sinn Haipien -
stocky schrieb am Fri, 24 March 2006 00:40 DTM schrieb am Tue, 21 March 2006 19:35
Wou mir grad beim Thema Fuerwierk sind.
Stocky, vermossen se beim Donkel och Achs an Spuer?
Nee leider net...gees de am beschten bei den Goedert.
BEi ais am Duerf as zwar och een mee daat sinn Haipien
Ok, Heipien hat ech schons genuch. -
Et kéint een mol en aaneren threat opmaachen. Gett lues awer sëcher oniwwersiichtlech
-
Zeréck zum thema.
Wéi der vläit wesst, ass geschwenn erem Zäit den S aus der Garage ze huelen ( ech wees, ech sin där lueser een )
Ech hun awer wei emmer nees puer saachen fir op mäin auto. Ech wollt awer am fond dass eng garage mir verschidden saachen mecht, mee den Meba war net esou begeeschtert. Hien leisst d'fanger léiwer dovun eweg. Daat huet heen mer haut op enger feiner Art an Weis gesoot
Waat ech welles hun:
Ech hun mer esou eng gauge kaaf fir d'uelegtemperatur ze kontrolleieren, an dei muss natiirlech agebaut gin. Fir d'eischt muss ech jo awer den Adapter drunmaachen. Dann maachen ech dann an engems wann den vidange gemeet get.
Et muss jo awer och een sensor gezunn gin, deen vum adapter op d'gauge geet. ( gauge ass zwar nach bei der douane, mee dei misst ech an deenen nächsten deeg kreien ).
Zweetens well ech dass d'garage mäin Windschott anbaut ( mat der Schrefft an den Led's ), an zwar mat engem knäppchen fir d'leds all moment können auszemachen ( vive la police )
Daat kann jo awer secher eng garage maachen. Den präiss därf natiirlech och net iwwerdriwwen sen. Mee hei am land...
Wei eng garage geift dir mer rooden??
Et soot jo een hei dass den Autopolis esou extra wönsch erfellt...
Merci fir är hellef.
-
Salut Pipo,
Kanns op Ettelbréck bei den RAP goën, deen ass iwwregens och zu Réiden, deen knëschelt mol zimlech gudd am elektreschen ronderëm, soss wees ech och elo keen -
Merci fir déng hellef. Den RAP kennen ech, mee zu Ettelbreck kommen ech nie am liewen eroof mat mengem auto héckstens zu reiden.
Mee ech war elo zu miersch an hun een rendez-vous kritt. Den mécanicien war ganz an der Rei. Ech hun him erklärt waat ech maachen well ( -> Oelfilteradapter anbauen an een kaabel fir temp. leen, an mäin windschott unschleissen ( mat den Led's ))
Sin lo just um gaang ze iwwerleen op hien och direkt méng gauge soll abbauen... dann wier nämlech alles färdeg, an ech bräischt den tableau de bord net auserneen ze huelen...
Mee dann gett et bestemmt eng deier.Den mécanicien soot: " Alles geet. Mir maachen alles. Et ass just eng Fro vun Präiss "
Daat do gett erem eng deier. Hien soot ech keint mat ongefeier 6 Stonnen Aarbescht rechnen.
Waat mengt dir?? Soll ech d'gauge och direkt anbauen??
@Stocky
Oder hellefs du mir gären :D?
-
Ech kann Dir gaeren hellefen well ech muss meng och nach abauen.
Am Geigenzuch kanns Du mir gaeren am HAus hellefen kommen!
-
Keen Probleem. Ech haat lo eng woch congé, häss jo keinten eppes soen
Mee ech hun d'lescht woch missen um S schrauwen. Sin och baal färdeg.
Am Mee hun ech awer nees eng woch. Kann dir gären hellefen kommen. Sin keen expert waat hausaarbeschten unbelaangt, mee wou mir heiheem gebaut hun, war ech awer och emmer dobäi. Et muss een mech just dirigeieren
-
Tiptop.
Dirigeieren kann ech gutt!
-
Fir ze dirigéieren sin ech och dobäi! Nee am Eescht, wanns Du Höllef brauchs Stocky, dann ...
-