Salut,
ech hunn e klengen Emblem vum Peugeot aus Plastik wat ech gären lackéiert hätt. Richteg sou dass et hällt. Keen keen een deen dat niewelaanscht mëscht?
Salut,
ech hunn e klengen Emblem vum Peugeot aus Plastik wat ech gären lackéiert hätt. Richteg sou dass et hällt. Keen keen een deen dat niewelaanscht mëscht?
Ech denken daat get méi einfach an méi belleg wann een et selwer mescht. Et get extra Spray fir daat den Lack um Plastik hällt. Domadder muss de fir d'éischt "grondéieren" an dann deng Faarw déi's de gären häss, kanns mam Faarwcode bei den Steinhäuser oder Robin fueren an sie meschen der et direkt an eng Spraydous, an zum Schluss bessi Verni an fäerdeg ass déi ganz Geschicht. Soss kanns de zu Viichten jo nofroen, do ass (oder wär) een Airbrusher, ass an mengen aan genau den richtegen fir sou kleng Saachen ze lackéieren, an vill kann en dofir net froen well et eng Saach vun 1/4 Stonn ass.
Nee, ech wees just daat lescht oder firlescht Joer een Artikel am Telecran iwwert hien wär Ech kucken muer mol ob ech am Archiv eppes fannen, soen der Bescheed.
Hun gesicht awer leider näischt font zum Artikel, mee fro mol am Difference no, vläit kennen sie der jo weider hellefen
Maachen ech, Merci
An een bellegen Lackeirer fir eng Lepps ze lackeiren?
Salut Jungs,
Also ech kann iech é gudde Lackéierer ugin, deen iech garantéiert och e faire Prais mecht.
Dee mecht och Airbrush asw. fir déi kleng Saachen. Kennt sech wierklech aus - och mat all deene neien Technologien. Traut sech bal un alles run.
Carosserie De Cock zu Bissen an der Industriezone.
http://www.decock.lu
Ass no wierklech villen Erfahrungen deen eenzege Lackéierer, deem ech vollst Vertrauen schenken.
Froot nom Edwig De Cock; daat ass de Patron selwer.
Kënnt och roueg soen, dass ech iech en ugin hun; dee wees och wéi exigent dass ech sin... *grins*
Bëscht Gréiss,
Patrick
Salut,
also den Decock woar jo ëmmer ze Miersch. E Kolleg huet do geschafft. Schrecklech onzouferlässeg de Mënsch.
Mir siiche weider.
ZitatOriginal von Integra
Salut,
also den Decock woar jo ëmmer ze Miersch. E Kolleg huet do geschafft. Schrecklech onzouferlässeg de Mënsch.
Mir siiche weider.
Ech hu scho vill Saachen do maachen geloos an ech haat bis elo nach nie e Problem. Soit.
Kanns och mol nach zu Mertzig beim Maillet froen; e vum Maillet senge Leit huet de Betrieb iwwerholl wéi hien opgehaal huet. Dee Jong huet main aalen Alfa Spider komplett gemaach... mat Blecher ersetzen, lackéieren,... de volle Programm. Huet daat super gemaach... waer allerdéngs nach ënnert der Regie vum Jos Maillet. Huet deemols 5.000 EUR kascht wann ech mech richteg erënneren kann... nët grad geschenkt... mee eng eng 1A Arbecht.
Patrick
ech wollt net soen dass den DeCock onzouverlässeg wier mee mäi Kolleg. Ech muss dat alles maachen ouns dass meng Fra eppes dovunner matkritt.
Ech foure mol bei den DeCock a froen wat et kascht.
Merci
Ah sou...
Tip top! Ma da sin ech awer mol gespaant...
Anscheinend kann een am Prison och verschidden Saachen maachen loossen, enner anerem lackéieren, awer och Mechanique