Als Lëtzebuerger an Däitschland geblitzdinst ginn.

  • Hallo,


    sinn de Moien virun Düsseldorf geblitzdingst ginn. Keng Ahnung wéi schnell ech war (war mam Civic do) an wéi schnell et do erlaabt war.


    Wees just dass main TomTom geckeg ginn as a mech 4mol ronderem geschéckt hunn. Haat effektiv net opgepasst.


    Wéi ech du fir d'drëtt do laanscht gebësselt sinn, hunn ech den Apparat gesinn.


    Wat erwaart mech do.

  • Ech mengen dass du do zwar ee gepescht kriss....sin zwar net secher mee ech geif daat elo emol esou frei gehaapten.


    Daat schlemmst waat dier keint gescheien ass dass du ee fahrverbot an Deitschland kriss (Ech wees jo net wei seier dass du ennerwee waars).


    Natiirlech haenkt daat heiten jo nemmen dovunner oof wanns du elo eppes kriss oder net.


    Frankreich kritt een eppes heem gescheckt....also Protokol mee bei de Belge net an Deitschland wei gesoot sin ech net 100% secher.

  • Äus däitschland kriss de näischt heem gescheckt. Daat schlemmst waat der passéieren kann ass, wann's de an nächster zäit mol ugehaalen resp. kontrolléiert gess, daat's de den protokoll nobezuelen muss, oder wann's de vill zevill ze séier wärs eventuell fuerverbuet an däitschland, mee wees net ob se daat nodréiglech kennen maachen oder ob se dech dofir sur place unhaalen mussen :roll: also ech géing mer keng gedanken doriwwer maachen ;)

  • Ech wees zwar lo och net wéi et an däitschland ass.


    Frankräich, Belge an Italien kriss de mol doutsecher heemgescheckt.


    Och wann et e puer méind dauert 8o ( ech hun geschter een gesin deen kruut säin protokoll vum September d'läscht Joer elo geschéckt... ).


    An der Belge kruut och een kolleeg säin Protokoll no 6 méind geschéckt.



    Wann ech elo awer mol richteg iwwerleen, kruut och een kolleeg virun 2 Joer säin protokoll aus däitschland geschéckt... hien ass zu Aachen gebletzt gin op enger baustell :?


    Et wäert awer och vun dénger geschwindegkeet oofhängen ;)


  • Aha och aus der Belge. Hun dach elo virun e puer deeg am radio heieren dass een naischt mei aus der Belge kritt well dei do irgendwei net all d'onfomratiounen hun vun onseren Autoen sprech wiem geheiert waat fier eng Matrikule...


    Naja....ech soen emol esou, den Führerschein verleiert een net, daat aller schlemmst waat kann gescheien wann eppes sollt nokommen ass ee Fahrverbot an deem Land