moien alleguer!
ech stellen mir grad d fro ob een ze letzebuerg eigentlech sou eng rollbar/Käfeg agrdroen kritt?
et verkeeft jo am moment een een vun cusco.
moien alleguer!
ech stellen mir grad d fro ob een ze letzebuerg eigentlech sou eng rollbar/Käfeg agrdroen kritt?
et verkeeft jo am moment een een vun cusco.
Ech gesin halt vill "normal" autoen mat käfeg ronderem fueren. Wees zwar net op déi alleguer legal duerch géigend fueren oder net, mee kann mer awer ganz gudd firstellen dass daat geet.
Eisen controle technique geet jo vill noom Däitschen TüV. Do kriss du et jo agedroen ( kuck z.b. den Oli_f ), dann misst daat och hei goen.
Fro do just no, wéi eng critères do erfellt mussen gin.
D'Kritère wärten warscheinlech ëmmer déi selwecht sinn:
Pubéieren, Pubéieren, Pubéieren,
Gedold, Gedold, Gedold,
Nerven, Nerven, Nerven,
Souen, nach méi Souen,
eng Minijupe.
Richtiggg!!
Minijupe kint ech jo nach besuergen, mee mam Rescht gesäit et mei schlecht aus.
Ech hun et mat Sandweiler opgin, ech fueren mat näischt mei dohin.
ZitatOriginal von getri
Minijupe kint ech jo nach besuergen, mee mam Rescht gesäit et mei schlecht aus.Ech hun et mat Sandweiler opgin, ech fueren mat näischt mei dohin.
Ech och...dofir hun ech lo missen 145 Europ bezuelen an 2 Punkte kritt um Fuehrerschain.
Wei war daat schommei...bei 12 Punkten kreien ech nach een Fuehrerschaien?!
waat huet daat matt sandweiler ze din???
ZitatOriginal von Pipo 2000
waat huet daat matt sandweiler ze din???
wanns de ugehaale ges an kee sandweiler drop hues