Certificat de conformité

  • Salut,


    wann ech am Ausland en Auto kaafen, brauch ech jo ze Sandweiler e Certificat de conformity.


    Mee gëtt et fir all Auto e sou e Certificat (also pro châssisnummer en certificat), oder pro Auto (z.b fir e Civic 1.8 Benziner FK2).


    Gëtt et och pro Land sou ee Cerificat oder as dat en europäischen Certificat?

  • Wann den Auto am Äusland schon ugemeld wär an eben schon eng "gro Kaart" huet dann muss de net onbedengt deen Certificat hun fir en kennen hei am Land unzemellen, et sief vielleicht daat et den 1. Auto vun deem Modell ass deen hei am Land ugemeld get (z.B. een S2000 mam 2,2 Liter Motor oder soss eppes exotesches)

  • Daat misst egal sin, aktuell ass et een Auto matt enger polnescher groer Kaart (d.h. innerhalb vun der EU, egal ob Polen deemols an der EU wär oder net). Mee zu Sandweiler hätten se demnowéi gären déi original gro Kaart, also net just Kopie, an do kann's de bei hinnen enner emstänn op Granit stoussen :? Mee ruff mol am beschten an d'Agréatioun do un an frees de wéi et ass wann's de een Auto äus dem Äusland (awer EU) importéieren wells.

  • Also ech rufe guer näischt op Sandweiler un well et ëmmer anescht as. Sie wësse selwer net Bescheed.


    Do schaffe vileicht Nicki'en. Ech kréien den Auto ugemellt, dat as kee Problem, mee op den einfach Wee as et vill méi bëlleg.


    Ech hunn eng Mail gemaach un Honda Däitschland an d'original Pubéieren kréien ech mat.

  • Also Honda Däitschland hätt gären 120€ fir de Certificat.


    En Händler soot mir dass et net néideg as sou een Certificat ze hunn, falls den Auto aus engem Land kënnt wou et deen sou net gëtt (Frankräich, Polen).


    Wéi déi vu Sandweiler as et méi einfach well sie d'Donnéen alleguer um Certificat stoen hunn.