Honda Autopolis

  • Saluti


    Geschter gouf ech emol gewuer dass Honda net méi am Autopolis vertrueden ass.
    Si machen awer nach Revisiounen,just wees ech net op daat nach déi selwecht Leit sin,well daat elo iwer Receptiun vun Opel gemeet get, an do hun ech nach net vill guddes héieren.
    Wees een do méi?
    Wou kann e soss nach goen ?
    Ech wees,déi Diskussioun haten mer schon emol :-)
    Bei de Ries ell ech net onbedingt,a bis op Bitburg,do wou ech den Auto kaaft hun,ass et och e Meter....

  • Hallo,
    ech krut den Breif vum Autopolis virun puer Meint oder Wochen. Dobei war ech och just emol mam Auto do fir eng Reparatur. Awer och schon demols as Honda iwer Opel-Réceptioun gelaaf.
    Ech war och emol zu Treier am "Autohaus am Hafen", daat war ok. Mee vun do hun ech schon positives (Arbeschtskollegin) awer och negatives (hei am Forum) heieren.
    Den zu Bitburg as wierklech net schlecht. Du kriss och en Mietauto fir bal naischt.

  • Et huet mech och gewonnert dass ech kee Bréif kritt hun. Haat den Auto zwar net do kaaft,mee war awer zweemool an der Revisioun do.
    Bis op Bitburg ass e Steck,a wann dann de Auto nach derbeikennt,da get et scho lues a lues deier fir just eng 45000km Revisioun :-(
    An de Ries ass op 3 km vu mir....hmmmm

  • Den Bréif hun ech och firun puer Wochen kritt. Et bleift den Ries an den Georges zu Miersch. Vum Ries hun ech och schon guddes an schlechtes héieren, mee normalerweis kommen déi Discussiounen réicht op wann een streiden muss fir eppes op Garantie gemeet ze kréien oder iergendeng Reparatur an d'Längt gezunn get resp. Karrosserieaarbechten net propper gemeet goufen, oder den Setz knaschteg ass wann een den Auto zereck kritt oder sou. Revisiounen selwer sin meeschtens keen Problem, mee et gesäit och keen wéi se um Auto schaffen, ass an mengen Aan eng Lotteriegeschicht. Sin bei den Autopolis och just gaangen well en um Wee fir op d'Aarbecht louch an et mech gudd arrangéiert huet. Alles an allem ass et just eng Saach vun der Frendlechkeet an der Receptioun, ob den Mecanicien an den Setz puupt oder net kritt keen matt :)

  • ech sin momentan beim Georges zu Miersch, well den bäschten (!!!) Honda Händler net méi zu dikrech ass (den aalen Meba Honda ).


    War bis ewell zefridden zu Miersch, mee krutt dun eng keier den Auto erem, wou den pare-choc fier e bessen lass war, daat kruut ech nie méi gefléckt bis d'läscht joer deen ganz nei gemeet gin ass an gespretzt.


    leider konnt ech daat net beweisen, well ech et och net direkt gemierkt hun...


    wäert lo awer nees op dikrech goen (Nordstaatkarosserie). Deen huet virdrun beim Meba geschafft, an kennt sech gudd aus mat Honda (sie Verkaafen der och (nei an occasioun)), mee sin mengen ech awer net offiziel eng garage.


    do sin ech bis elo super zefridden, well se mäin auto souwiesou nach vun virdrun kennen.


    P.S.: en plus fiert den patron een rouden NSX :D

  • Waat mech emmer nervt daat ass dass emmer egal waat fier een Ueleg drangeschot get mam Argument "daat ass long life"


    Waar och beim Autopolis an sichen och elo eng nei Garage....Wei gesait et matt Frankreich aus??? get et dann do kee gudden op der Grenz?

  • ech sin mat kengm bis elo zefridden gewiersht...autopolis daat shlemmst waat et gouf... domm Gesabbels nemmen excusen parat, laang Waardzait fir Domheeten an administraven Schnickschnack...


    Georges net vill bessa opwuel den Andreas (daitshen Mecanicien) ansheinend eng drop huet o ganz fein ass mee sin wei laang nei mat Domheeten dei ech haat eenz gin...um Ufank Drosselklappenprobleem ...dunn noom Abbau vun engem neien Block mat Culasse ass den Woon awa net richteg gaang well ee Schlau net richteg drop wor... wor dunn no der 1. Revisoun zreck an wei ech en zreck krutt huet en gebockt...awa emma nemmen bei mir nie bei hinnen wor dunn an 5000km 6 mol zreck weins engem Lach an engem Schlauch... net emma hier Schold mee mir de Woon 3x zreck gin an gesoot et wier naisht...hun vill Zait mat hinnen verluer...gin nemmen na dohinna weins der Garantie vum Motor..


    an zum Ries ...wor freier dachs do mat mengem Mazda 323 Gt-r wor dachs ganz fein mee awa haaten ma Szeenen mat him... wei ech mam S2000 eng Keia do an gefroot hun ob se ma keinten Compressioun vun den Zylinder moossen hun se mech ausgelaacht an gesoot dofier braishten sie den Auto een ganzen Daag...wann ech daat an enga halwa Stonn keint geifen sie mir 5000 euros gin wann ech bei se giff schaffen kommen...hun hinnen geäntfert wann se wellen Client'en haalen sollen se net sou domm lallen an sin gaang.. gin lo na hechstens dohinna an Magaseng een Steck sichen..


    btw Kompressioun vum S moossen dauert eng mol keng 15mins...wann een well verdengen soll ech bei de Ries goen an hinnen daat weisen.


    Conlucsioun wann een Meiglechkeet huet maat et selwa !

  • ech sin lescht Woch offiziel vum Garage Georges belunn gin ! ech wor dohinna well ech hun missen (weins Garantie Motor) een Ueleschvidange maan an um Wee dohinna ass nees meng Motorkontrollluucht ungaang. Sie sooten mir dunn et wier den Cat (deen bei hinnen 1300+TVA kascht) tjo ech o na een net Honda Cat besuerg an virdeischt mol den OBD drun gehaang an Surprise guer keng Cat Feelermeldung mee nees TPS ! ech sin faerdeg matt deenen !

  • Bei mir wollt de Georges d'Kupplung wieselen.


    War dohinner well durch den Transport aus Polen d'Motokontrollluuch u war. Ausgelies, gereset a färdeg.


    D'Kupplung as komplett näi, an zwar eng Sachs. As net sou einfach mat der Kupplung mee innerhalb von 5 Minuten war den Devis färdeg: 1.500€ mam Schwongraad.


    An dat nëmmen well de Mecanicien net S2000 ka fueren.


  • Wiesou wollten se Kupplung wiesselen?

  • Hi,


    Haat e Freiden bei den Ries ugeruff fier d'Vidange an hun dann direkt gefroot ob se dann och 5w40 dran maachen....an waat waar d'Aentwert....noe mier hun nemmen 0w30 5w30 oder 10w60. Fierwaat haalen dei Leit sech net un d'Viirschreften? Wann se daat emol net richteg maachen dann zweifelen ech och um Recht.


    Ech keint jo och elo d'Vidange selwer maachen mee wollt an engems nach hei oder do eng kleng Fro stellen wengst Gereischer an esou mee d'Fro...wou soll ech nemmen hin wou ech kompetent Leit fannen?? Oder ass een haut verpflicht alles selwer ze maachen oder eng vertraute Persoun ze froen dei daat mescht??


    Yves

  • Ech war haut ze Miersch fir en neien Loftfilter ze kaafen.
    dunn hun ech profiteiert fir no den potenza MZ pneuen ze froen.
    den magasinier huet fir d'eischt gesot, dass den s02 net mei gebaut gett. Ech hun him dann erklärt, dass ech dei bridgestone potenzaen mat den S2000 specs, vum facelift modell, well hun. Dorober huet en gemengt, dass do yokohamaen drop sin an dass vir 17" an 18" felgen sin.
    Wei ech dem mann dann nach e bessi gudd zougeschwaat hun, huet en den bridgestone katalog opgemaa an siehe da MZ


    251 fir hannen, 207 fier -10% inkl montage



  • noom Buch no kanns de 5w30 an 5w40 dran maan.


    oder ierren ech mech do ?!

  • Also de Georges ze Miersch huet mech haut fir d'läscht gesinn.


    De Moie war d'Motorkontrollluucht ugaang ( gëschter d'Batterie platt) a beim Georges wollt kee mir hëllefen. Blöd war dass ech RDV ze Sandweiler haat.


    E grousse MERCI dem Car Project vu Miersch. Alles gemaach fir e Six-Pack Beier a 5€ an d''kaffiskees