Greeny schrieb am Tue, 17 January 2006 18:45 | ||
Hey TJ, du bist doch nicht International ? Dann also raus aus der Internationalität |
Och Männo...
Greeny schrieb am Tue, 17 January 2006 18:45 | ||
Hey TJ, du bist doch nicht International ? Dann also raus aus der Internationalität |
Och Männo...
Waat hudd Dir dann sou vun Franchisen ze blechen? Huët irgendeen vun Iech 2 Autoën ënnert enger Police laafen? Mir hun se erzielt, daat géif hei am Land nët goën an ech sin iwwerzeecht, daat ët awer geet, fir mäin blöden Wanter-Polo bezuëlen ech nämlech och nach emol baal 500€ an den S steet jhust matt Volassurance an der Garage op schéint Wieder ze waarden!
shed schrieb am Tue, 17 January 2006 19:20 |
Waat hudd Dir dann sou vun Franchisen ze blechen? Huët irgendeen vun Iech 2 Autoën ënnert enger Police laafen? Mir hun se erzielt, daat géif hei am Land nët goën an ech sin iwwerzeecht, daat ët awer geet, fir mäin blöden Wanter-Polo bezuëlen ech nämlech och nach emol baal 500€ an den S steet jhust matt Volassurance an der Garage op schéint Wieder ze waarden! |
Jo souwait ech wees geet et net.
Ech hun och getrennten Policen...daat wier naemlech mol eng genial Saach.
Hun awer och mol heieren laescht Joer dat et geif kommen.
Ech mengen fiir aal Autoen iwwert 30 Joer get et daat schons.
Misst en sech mol informeieren.
Meng Assurance sot, wann ech en Contract vun enger aaner Gesellschaft géif fannen déi daat unbidd, géifen si mir ët direkt accordéieren! Sin am gaangen matt sichen, well ët kann een souwisou jhust matt engem Auto fuëren! Ech föën awer mol op der AME un, well déi ass an baal allem vill méi bëlleg wéi all déi aaner an zumol fir Leit déi beim Staat schaffen . Sin awer nët bei der AME well een Kolleg vun mir Agent bei der AGF ass an hien mir alles arrangéiert waat ech brauch!
Haat mol meg Vollkasko bei der AME.
Hun do nemme gutt Erfahrungen gemeet!
D'AME sin och déi eenzeg, déi eng präisgënsteg Kasko fir Motorieder unbidden! Ech froën mol do un fir en Contract ze kréien fir 2 Autoën op eng Police!
Kuck molhei, mé ech wees nët op en Extratarif fir Roadster besteet!
http://www.ame.lu/AME/html/produits/auto/tarifs.htm
D.h.
2.5 prozent vun 36000 as 900 + 2x 496
an de Vol kascht nach en keier 6 Prozent vum Neiwert?!
Ah shit do steet promille an net Prozent
Jo daat wier dann ronn d'halschend laut hieren Zuëlen!
shed schrieb am Tue, 17 January 2006 20:09 |
Jo daat wier dann ronn d'halschend laut hieren Zuëlen! |
Wei mengs de daat?
Vergiess ët ech hun mëch verdunn an méngem Gerechens an nees d'halschen vergiess, hun en Devis ungefrot an och daat matt der duëbeler Police via Mail!
Also ech kommen ouni Protection conducteur an ouni Mini Casco op 1835,35 mat engem Boni vun 11, ech mengen ech sin bei 8,5, daat géif zwar schon eppes ausmaachen!
Keng ahnung bei weivil ech sinn.
11 as daat 110 Prozent ?!
@TJ
War nicht ernst gemein, bitte nicht weinen, ok ?
@Jongen
2 Policen matteneen jumeléieren geet, och hei am Land, opallefall wann een e gudden Agent huet. Mee et huet alles säin Hoken: Wann bei Police 1 den Bonus-Malus 45%-3 (also Minimum) ass an bei Police 2 den Bonus-Malus just 10% ass, dann bezillt een no der Jumelatioun den deiersten Auto bei Bonus-Malus 10% an den Bonus-Malus 45%-3 muss de opgin. Haat ech selwer beim Agent nogefroot (vrun ca. 2 joer), mee ech wollt meng déiw Assurance net opgin. Wahrscheinlech kritt een d'Police 1 dann och net méi rem.
Waat just blöd ass, daat een eng Motorrad-Police net méi op een Auto emschreiwen kann, soss kéint een matt engem 50 Kubik puer Joer laang d'Police roofdrecken
jo an der gudder aaler Zait as daat mam 50 Cubic nach gaangen.
Wei as daat dann mat der duebbeler Police, waat steeht dann do dran...muss deen Auto mat deem en net fier dee Moment op Privat Terrain stoen oder as deen awer och am Stand assureiert?
Daat wees ech net, hun den Kontrakt net gesin, opallefall bass du awer den eenzegen deen op deenen 2 Autoen däerf fueren resp. Wann een aaneren fiert an et geschitt eng dann bezillt d'Assurance näischt. Daat wär mol opallefall eng Konditioun. domadder wellen se vermeiden daat déi 2 Auto'en gläichzäiteg bewegt gin.
Daat as jo Keis.
D'Assurance geif jo och net bezuelen wann dei 2 Autoen bewegt gin an et geif eng gescheien.
Wann's du matt dengem Auto fiers an deng Frendin matt dengem aaneren an dir geschitt eng resp. deem Auto matt deem's du fiers ass et jo keen Problem, et wees jo keen daat deng Frendin matt deem aaneren gefuer ass...
Greeny schrieb am Tue, 17 January 2006 21:50 |
Wann's du matt dengem Auto fiers an deng Frendin matt dengem aaneren an dir geschitt eng resp. deem Auto matt deem's du fiers ass et jo keen Problem, et wees jo keen daat deng Frendin matt deem aaneren gefuer ass... |
Och rem wouer...
Dofir gët ët eng Franchise, déi deen Fall couvréiert, mé daat ass jo awer nët den Zweck vun souenger Manip!