Diagnostic Center ACL

  • Kuerz zum Thema ACL, deen Preifstand ass allerläschten MISERE!


    Hat mein alen 350Z do op der Rull stoen (deen selweschten Dag wei den Stocky) Resultat war 235 Pärd, dobei gouf en schon 2x firdrun op modernsten Maha LPS3000 Preifstänn an Deitschland gemoss (1xum Ring an 1x zu Kassel) an do hat en 268 PS an 272PS.


    Bon, ech war just bei den ACl fir 2 Leef hannert eneen ze man, 1x mat der Admission directe dei ech och bei denen 2 Leef an Deitschland drop hat, an 1x mam OEM Loftfilter. Resultat war dass den Auto mam OEM Loftfilter 7 Pärd mei hat wei mam CAI.


    Mä egal, souvill zum Thema ACL Preifstand, bei mir huet en den Dag 35Pärd no ennen gestreet an den Stocky hat der och nemmen 210 oder sou :]

  • Wann mer zu puer mam selwechten Auto sin ass et egal wéivill den Préifstand street, well do hues de dann den direkten verglach zu aaneren Auto'en. Wann een just 200 päerd huet an den aaneren 220, dann wees de op mannst wou's de drun bass.


    Een Kolleeg wär dest Joer matt sengem 325er E46 beim ACL an deen kruut 191 Päerd gemooss statt 192 oder 193. Vläit hun se jo mettlerweil puer Saachen verbessert :roll:


    An du haas deemols och daat räusfont waat's de wolls wessen ;)

  • Zitat

    Original von Greeny
    Wann mer zu puer mam selwechten Auto sin ass et egal wéivill den Préifstand street, well do hues de dann den direkten verglach zu aaneren Auto'en. Wann een just 200 päerd huet an den aaneren 220, dann wees de op mannst wou's de drun bass.


    Een Kolleeg wär dest Joer matt sengem 325er E46 beim ACL an deen kruut 191 Päerd gemooss statt 192 oder 193. Vläit hun se jo mettlerweil puer Saachen verbessert :roll:


    An du haas deemols och daat räusfont waat's de wolls wessen ;)


    Jo, dofir war ech jo och bei den ACL, wollt jo just den Verglach an do war et eben belleg! Den eenzeg brauchnaren Prifstand den ech am Land kennen steet zu Mamer, mä bon, keen Kommentar!
    Wann ech et na eng keier genau well wessen man ech rem en Zweschenstop um Wee fir op den Ring.
    An ganz Eierlech, ech gin net op en Preifstand mat aneren fir ze wessen wen mei oder manner Pärd wei ech huet, well just wessen ob Modificatiounen eppes brengen oder op dat superschlaut Steiergerät vun Nissan (wei quasi emmer) aller rem op Serienwerter rof korrigeiert

  • Zitat

    Original von stocky
    Ech gesin ech muss mir e Preifstan zouleen.


    ja dann mach mal! :D

    "Racing, competing, is in my blood. It's part of me, it's part of my life. I've been doing it all my life. And it stands up before anything else.

  • Zitat

    Original von McHeizer
    aah Mist, muss ich wieder mein Visum erneuern...also meinen Pass faelschen 8)


    Pah kein Problem in Luxemburg kriegt jeder Auslaender eine Aufenthaltsgenehmigung...hmmm...obwohl...bei Schwaben bin ich mir nicht so sicher... :D

  • Bobby


    Wär och net sou gemengt fir sech matt aaneren Auto ze moossen mee ze vergläichen. Ok, puer PS ennerscheed hues de an der Serie emmer, mee wann's de eng Invidia drenner baus an du hues 15 Päerd méi wéi een Serien-Z, dann kanns der awer zimlech secher sin daat den Äuspuff eppes bruecht huet.


    @stocky
    Eng demande ass secher do, an wann's de nach 2-3 kompetent Leit hues déi een Vergaser oder eng ECU ANSTÄNNEG astellen kennen bass de op der gewonnener Säit. Fir mäin Renn-Mini z.B. misst ech schon op Köln rennen well soss keen méi no ass deen kapabel ass... :roll:

  • Ech hu mech haut och emol erem eng keier hei am Forum veriirt, well et emmer nach de beschten ass :-)
    Also ech wuar leschten Hierscht mat mengem 135i :blush: beim ACL op der Roull, deen daat 205kW Raadleeschtung a 20kW Verloschtleeschtung am Strang. Also summa suarum 225kW, also genee d' Nennleeschtung.