Wor déi läscht Woch fir 10.000 Kilometer Revision beim Garage G. vu M.
Hei meng Problemer déi ech gäre geléist gehat hätt (geet jo op Garantie):
1) Heizung as mir net waarm genuch
2) Tankdeckel geet net op (bekannten Fabrikationsfehler vun Honda)
3) d'Mall léist sech schlecht zoumaachen
4) den Wischerarm oder Motor quitscht
an eng Revisioun maachen.
Also d'Revisioun as gemaach.
Ze 1) de Grond firwat meng Heizung net waarm as deen dass ech d'waarm Loft op de Foussraum gedréint haat. D'Fro war jo net dass d'Heizung net geet mee dass se net waarm get.
Ze 2) Souwäit behuewen (muss mol nach eng Keier tanke fueren)
Ze 3) As besser ginn
Ze 4) Beid Wischer am Wert vun 60.- HTVA si getosch ginn. Déi kréien ech ze Bitburg fir d'Hallschent. Op meng Fro firwat de Wischer getoscht gett wann den Wischermotor elen quitscht war vum Jong net gewuer ze ginn. As jo méi einfach.
Herno huet en néien Mataarbechter aus der Belge deen deemols schons bei Colimex geschafft huet gemengt "Wann d'Quitschen nach eng Kéier optrëtt, da komm bis lanscht, da wiesele mer den ganzen Wischermotor.